arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel preparéiert eng militäresch Reaktioun géint d'Hisbollah

Noen Osten

|
reading time

1 min

Israel preparéiert eng militäresch Reaktioun géint d'Hisbollah

No der Rakéitenattack op déi vun Israel annektéiert Golanhéichten huet den israeelesche Sécherheetscabinet eng militäresch Reaktioun géint déi libaneesesch Hisbollah-Miliz autoriséiert.

reading time

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an de Verdeedegungsminister Joaw Galant hätten d'Erlabnis kritt iwwer den Zäitplang an d'Ausmooss vun där Reaktioun ze decidéieren, esou déi israeelesch Regierung. Weider Detailer goufen net bekannt.

Iwwerdeems lafen international Efforte fir de Konflikt ze deeskaléieren. Déi amerikanesch Regierung an de franséische President Emmanuel Macron hunn eegenen Aussoen no diplomatesch Gespréicher mat Israel an dem Libanon geféiert.

Bei der Rakéitenattack op e Fussballsterrain an der Géigend vun enger israeelescher Militärbase ware virgëschter 12 Jonker tëschent 10 an 20 Joer ëm d'Liewe komm. Israel an d'USA hunn d'Hisbollah-Miliz responsabel gemaach. D'Hisbollah dementéiert, datt si d'Rakéit fort geschoss hätt.