Radioen

On air

Moiesstudio  |  The Last Dinner Party - Nothing Matters

play_arrow Live
search

/ Israel muss sech zu Den Haag dem Vëlkermordvirworf stellen

Internationale Geriichtshaff

Israel muss sech zu Den Haag dem Vëlkermordvirworf stellen

Um internationale Geriichtshaff zu Den Haag fänkt de Prozess géingt Israel wéinst dem Gazakrich un. Südafrika hatt Israel Enn 2023 verklot.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Zoonar | Nikolai Sorokin
(Foto: picture alliance / Zoonar | Nikolai Sorokin)

Südafrika huet Israel verklot, mam Argument, datt déi militäresch Gewalt géigeniwwer der ziviller Populatioun an der Gazasträif ee Verstouss géingt d’UN-Vëlkermordkonventioun wier. Israel weist d’Virwërf vehement zeréck. 

D‘Rechtsvertrieder aus Südafrika haten eng immediat Protection juridique fir d‘Palestinenser gefuerdert. Eng Decisioun doriwwer wäerten d‘Riichter an den nächste Wochen huelen. E Prozess an der Haaptsaach, dem Virworf vu Vëlkermord, ka Joren daueren.