Hien hätt Männer getraff, déi him gesot hätten, datt hinnen d‘Ae verbonne gi wieren. Verschiddener wiere quasi plakeg oder just a Wëndele gekleet fräigelooss ginn.
Hie geet vun dausenden esou Fäll aus. Dat israeelescht Militär huet sech nach net zu de Reprochë geäussert. A fréiere Stellungnamen huet et geheescht, datt d‘Prisonéier am Kader vum internationale Recht géife behandelt ginn.