Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Notturno  |  Al Massrieen - Sah

play_arrow Live
search

/ Israel: Iewescht Geriicht kippt ëmstridde Justizreform

Reform vun der rietsreliéiser Regierung

Israel: Iewescht Geriicht kippt ëmstridde Justizreform

Mat enger ganz knapper Majoritéit vun enger Stëmm huet dat iewescht israeelescht Geriicht déi ëmstridde Justizreform vun der Regierung Netanjahu gekippt. Aacht vun de 15 Riichter waren der Meenung, datt dës Reform net sollt ëmgesat ginn, well se den demokratesche Staat Israel schwéier géinge beschiedegen.

auto_stories

1 min

D‘Ofännere vum Grondgesetz hätt dozou gefouert, datt dat iewescht Geriicht doutéis Decisioune vun der Regierung net méi hätt kënne stoppen. Vetrieder vum Demokratiemouvement hunn d‘Décisioun gelueft. Si hate kritiséiert, datt mat der Reform Korruptioun a Muechtmëssbrauch géifen zouhuelen.

Kritik koum vu Säite vun der rietsreliéiser Regierung, déi d‘Gesetz am Parlament duerchgesat hat. Sollt d‘Regierung d‘Decisioun net acceptéieren, riskéiert d‘Land eng Staatskris.

live

Live