search

/ Brutaalt Virgoe géint Demonstranten - Onkloer wéi vill Leit ëm d'Liewe komm sinn

Iran

|
headphones

1 min

Brutaalt Virgoe géint Demonstranten - Onkloer wéi vill Leit ëm d'Liewe komm sinn

Déi iranesch Autoritéite gi weider brutal géint d‘Demonstrante vir a schwätzen offiziell vun engem „Krich géint Terorristen“. Wéi vill Leit mëttlerweil bei de Repressiounen ëm d‘Liewe komm sinn, ass onkloer.

headphones

1 min

Protester am Iran | © EPA/NEIL HALL
Protester am Iran (Foto: EPA/NEIL HALL)

Den Ausseminister Xavier Bettel sot, datt d‘Repressioun de Weekend een Héichpunkt erreecht hätt – mat "Leit, déi an de Kapp geschoss goufen".

Onkloer, wéi vill Mënschen ëm d'Liewe koumen

D‘Mënscherechts-ONG „Human Rights Watch“, mat Sëtz an Norwegen, mellt bal 650 Doudeger. Aner Schätzunge schwätze vu bis zu 6000 Doudegen. Déi Zuel konnt d‘ONG net verifiéieren.

A verifiéierte Videoe a sozialen Netzwierker wieren Dosende Kadaver an enger Morgue bei Teheran ze gesinn, esou Medien.

Iran bereet mat USA ze verhandelen

Den iranesche Regime huet iwwerdeems dausenden Géigendemonstranten mobiliséiert.

Den iraneschen Ausseministère sot um Méindeg de Moien allerdéngs, datt den Iran kee Krich wéilt a bereet wier ze verhandelen. Den Donald Trump sot, datt ee sech méiglecherweis mat Vertrieder vum iranesche Regime géif treffen.

Den UNO-Generalsekretär Antionio Guterres huet sengersäits un den Iran appelléiert, keng Gewalt géint Demonstranten unzewennen an den Internet rëm fräi ze schalten. D‘Internet-Blockad soll d‘Ausmooss vun der Repressioun verstoppen, esou Mënscherechtsaktivisten.