Dee Bilan wier nach provisoresch, esou de Gesondheetsministère an der nordirakescher Provënz Ninive. Déi genee Ursaach vum Feier ass nach net confirméiert. Den Autoritéiten no wier de Brand duerch Freedefeier Rakéite verursaacht ginn.
Am Festsall, wou et gebrannt huet, wiere Panneaue gewiescht, déi liicht brennen, an déi de Sécherheetsnormen net entsprach hätten.