Bei minus 20 Grad Celsius hunn si sech aus hiren Haiser getraut fir ofzestëmmen, ween hire Kandidat soll sinn. Just d’Republikaner hunn dëst Joer gewielt an dëse Virwalen an Iowa. D’Demokraten hu jo schonn hire Kandidat, de President Joe Biden.
Virun aacht Joer, wou den Donald Trump President ginn ass, huet hien am Iowa net gewonnen. Mee duerno ass seng Popularitéit ëmmer méi erop gaang, an elo huet hien d’Republikanesch Partei kloer a senger Kontroll.
"Si hunn hien duerch d'Hell geschéckt"
Dat huet een och an dëser Schoul an der Haaptstad Des Moines héieren. Zum Beispill d'Sheryl Cross déi säin Numm op de klenge Walziedel geschriwwen huet.
“Ech hu fir den Donald Trump gewielt, well si hien duerch d’Hell geschéckt hunn. Si hunn hie schlecht behandelt och wann hien eng gutt Aarbecht fir eis gemaach huet. Hie schwätzt villäicht net esou wéi sech jiddereen dat erwaart, mee hien huet eist Land esou gär, an dat ass gutt genuch fir mech.”

"Ech brauch en Neiufank"
A mat iwwer 50 % vun de Stëmmen huet den Donald Trump hei am Iowa Rekorder gebrach. Wäit hannert him, seng Konkurrenten Nikki Haley, seng fréier Ambassadrice op der UN, an de Ron DeSantis, de Gouverneur vu Florida.
Am Walbureau deen ech besicht hu waren och Supporter vun him dobäi.
“Ech hu fir de Ron DeSantis gewielt. Ech well een deen de Chaos op en Enn bréngt. Ech hunn d’Flemm datt ech kritiséiert gi well ech engem President net trei sinn deen eis net trei war. Ech kann hien net mei aushalen. Ech brauch en Neiufank.”

DeSantis an Haley bleiwen an der Course
D’Resultat gouf vun DeSantis an Haley positiv interpretéiert. Si bleiwen also an der Course. Nächst Woch scho geet et weider mat de Virwalen am New Hampshire. Do ass den Donald Trump och nees Favorit.
D’Sondagë weisen datt et am November dëst Joer nees zu engem Duell tëschent dem demokratesche Kandidat Joe Biden an dem Donald Trump kéint kommen.