OGBL-Presidentin Nora Back sot hei op der Antenn, d’Propos vun der DP wär "en Affront géint déi schaffend Leit".
"Mee et si jo awer Leit, déi fir e Loun schaffen, an déi musse mat hirem Patron eens ginn. Déi si lounofhängeg. Also, ofhängeg vun hirem Arbeitgeber. An déi wäerten a ganz, ganz ville Fäll dat maachen, wat hire Patron seet, datt se solle maachen, a wéi se solle schaffen."
Et wier een also net wierklech an dem Fräiraum vun der Flexibiliséierung, wou ee sech jo no Familljelag oder Liewenslag schaffe kann. Herno wier et awer ëmmer eng Fro vun der Ofhängegkeet, fënnt d'Nora Back.
Et feelt u Kloerheet
Datt d’LSAP Pilotprojete wéilt asetzen, fir eng 38 Stonnewoch ëmzesetzen, geet dem OGBL net wäit genuch. Virun de Chamberwalen 2018 haten d’Sozialisten d’Aféiere vun engem Gesetz fir d’Aarbechtszäitverkierzung am Walprogramm stoen. Esou kloer géif et dëst Joer net an hirem Walprogramm stoen, bedauert Nora Back.
Alles an allem feelt et der Gewerkschaft u Kloerheet an de Walprogrammer vun de grousse Parteien, virun allem an der Steierpolitik. D’CSV proposéiert ënner anerem zwar d’Upasse vum Steierbarem op d’Inflatioun. Et wier awer onkloer ob dat sech just op d’Inflatiounen aus de leschte Jore bezitt, oder och zukünfteger betreffe géif.
Keng Walrecommandatiounen
Den OGBL mécht des Joer keng Walrecommandatioun. D’Presidentin vun der gréisster Gewerkschaft sot de Moien hei op der Antenn, hir Membere wäre responsabel genuch fir hiren eegene Choix ze treffen.
Virun 10 Joer hat den OGBL dozou opgeruff net fir d’CSV ze goen. Esou wäit, géif een dëst Joer net goen, seet d’Nora Back. Si verstoppt awer net, datt den OGBL keng gutt Erënnerung un de Luc Frieden huet.
"Mir hunn natierlech eng ganz hefteg Austeritéitspolitik erlieft ënnert dem haitege Spëtzekandidat vun der CSV deemools. Mir hoffen natierlech, datt do d’Positiounen e bësse geännert hunn."
OGBL-Presidentin fënnt, datt jiddereen en zweet Chance kréie kéint. Vergiess wier dat, wat geschitt ass, awer net.