Radioen

On air

Notturno  |  BrhyM, Bruce Hornsby & yMusic - Deep Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Goergen: Spideeler kënne sech net op Rekrutementer am Ausland verloossen

Gesondheetsecteur

Martine Goergen: Spideeler kënne sech net op Rekrutementer am Ausland verloossen

D’Attraktivitéit vun de medezinesche Beruffer ass een nationale Problem, seet d’Dr. Martine Goergen, déi vun e Freideg un nei Generaldirectrice vum Stater Centre hospitalier ass. Hire Virgänger, de Romain Nati, geet an d’Pensioun.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Eng vun hire Prioritéiten an den éischte Jore wäert och sinn d’Kannerklinik ze stäerken. D’Spezialisten déi do schaffe géifen an der Nomenclature vun de medezineschen Akten net als solch gefouert ginn. Dat misst sech änneren, fënnt d’Martine Goergen.

"An der Kannerklinik ginn et Pediateren - et ass zwar eng pédiatrie spécialisée, mee et feelt een Deel. Et ass de "spécialisé en quoi ?" Et wier wéi wann ee bei den Erwuessenen nëmmen nach médecins internistes hätt. Do gëtt et jo och ee Kardiolog, ee Pneumolog. Déi Spezialitéiten hu mer och an der Kannerklinik awer déi gi guer net unerkannt."

De Moment géif de Personalmanktem an de Spideeler nach zum Deel iwwer Rekrutementer am Ausland opgefaange ginn, et kéint ee sech awer net drop verloossen, datt dat sou bleift, warnt d’Martine Goergen.

Verschidde Beruffer ginn net richteg valoriséiert

D’Nofro u medezinescher Versuergung géif eropgoen, well ëmmer méi Leit op Lëtzebuerg wunne kommen, d’Bevëlkerung méi al gëtt, an och ëmmer méi Frontalieren op Servicer hei am Land zréckgräifen, well se an hire Regiounen zum Deel ofgebaut géife ginn. De Personalmanktem wier virun allem a spezifesche Sparte vum Infirmiersberuff grouss.

"Awer och well do net déi richteg Valorisatioun vun de Beruffer ass. Zum Beispill am Operatiounssall den "ATM Chir", déi Persoun déi mat Iech um Dësch steet fir d'Instrumenter ze reechen, dat ass eng spezifesch Formatioun wou et nach net richteg zu Lëtzebuerg gëtt oder et kommen der ganz wéineg eraus."

Den CHL beschäftegt aktuell ronn 2.800 Leit an ass domat ee vun de gréissten Employeuren am Land.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft
Interview