Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parkinson: Zuel vun de Patiente kéint sech verduebelen

Uni Lëtzebuerg

Parkinson: Zuel vun de Patiente kéint sech verduebelen

Experte rechnen domat, datt d’Zuel vun de Parkinson-Patiente sech an den nächsten 20 Joer verduebelt. Dat sot de Professer Rejko Krüger, deen op der Uni Lëtzebuerg ënner anerem iwwer d’Ursaache vun der Nervekrankheet fuerscht.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

play_arrow
Professer Dr. Rejko Krüger, Parkinsonfuerscher op der Uni Lëtzebuerg (Foto: Morgane Weidig)

Datt méi Leit Parkinson kréien, géif ënnert anerem doru leien, datt d’Populatioun méi al gëtt, erkläert de Rejko Krüger. Et gëtt och eng genetesch Predispositioun fir dës Krankheet. Op der Uni Lëtzebuerg géifen awer och nach aner Ursaachen ënnersicht ginn.

„Was sind zum Beispiel Umweltfaktoren, Faktoren unseres Lebensstils, die Parkinson begünstigen können.“

Ee sou een Ëmweltfacteur wiere Pestiziden: A Frankräich wier Parkinson bei Wënzer als Beruffskrankheet unerkannt.

De Rejko Krüger fuerscht op der Uni Lëtzebuerg och iwwer d‘Medikamenter fir Parkinson ze behandelen. Den Ament géif et domat gutt geléngen, d‘Symptomer ze kontrolléieren.

Ursaachen erkennen a behandelen

Dat luest Viruschreide vun der Krankheet kann ee bis elo awer nach net beaflossen. Dofir missten als éischt d‘Ursaache kënnen erkannt ginn.

„Um die Ursache behandelbar zu machen. Sodass wir in der Zukunft die Krankheit vielleicht nicht direkt stoppen oder heilen können, aber das chronische Voranschreiten abbremsen können.

Esou kéinte Komplikatiounen a schwéier Symptomer verhënnert ginn. Fir déi Fuerschung ginn den Ament och klinesch Studien duerchgefouert.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft
Interview