Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den aktuelle System ass extreem op Effizienz getrimmt"

Gesondheetssecteur

"Den aktuelle System ass extreem op Effizienz getrimmt"

Rendez-vouse bei Spezialisten sinn - wéi et schéngt - gefrot wéi ni. Een Drëttel méi Ufroe goufe rezent am Stater CHL gezielt, een Deel vun deenen Demanden huet souguer misste refuséiert ginn. Och an de Robert-Schuman-Spideeler wier den Drock héich, seet hiren Direkter Marc Berna.

auto_stories

3 min

headphones

16 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Et wier effektiv scho méi laang esou, datt et zu Lëtzebuerg deelweis schwéier wier fir Rendez-Vouse bei engem Spezialist ze kréien. Et géif een awer probéiere fir keng Leit ze redirigéieren, mee iwwer Waardelëschten ze fueren. Generell wier et och am beschten, wa Leit géifen iwwer hiren Hausdokter fuere fir e Rendez-Vous am Spidol ze kréien. Esou kéint an urgente Fäll och garantéiert ginn, datt de Patient séier an engem Spidol géif bäikommen.

Demografesch Entwécklung an dichten Aarbechtsalldag

De generell héijen Undrang a Lëtzebuerger Spideeler géif sech zu engem Deel duerch déi demografesch Entwécklung erklären, sou den Direkter vun den Hopitaux Robert Schuman. Lëtzebuerg hätt an de leschte Joren eng reegelrecht Explosioun vun der Populatioun erlieft an deem wier "planeresch net ëmmer Rechnung gedroe ginn". Et géifen och ëmmer méi Leit aus der Generatioun vun de Babyboonmer a Pensioun goen, dat géif och fir d'Gesondheetsberuffer a fir d'Doktere gëllen an déi Leit feelen dann, fir den Aarbechtspensum ze packen.

Et misst ee kuerzfristeg probéiere fir Doktere mat finanziellen Ureizer zeréck op Lëtzebuerg ze zéien a mëttel- a laangfristeg missten d'Aarbechtconditiounen an de Spideeler verbessert ginn. Domat mengt den Dokter Berna net d'Léin – déi wieren zu Lëtzbuerg relativ gutt – mee et misst een den Aarechtsalldag manner dicht gestalten.

Et bräicht méi Zäit mam Patient

"Den aktuelle System ass extreem op Effizienz getrimmt" an dat wier e Probleem, sou den Dokter. Laangfristeg misst awer einfach méi Personal zu Lëtzebuerg ausgebillt ginn an do wieren an der leschter Zäit schonn déi richtege Jalone gesat ginn.

D’Iddi Doktere mat finanziellen Ureizer unzezéien, wéi et am Plan national de santé virgesinn ass, fënnt den Dokter Berna och net falsch. Hien ass awer der Meenung datt eng méi generell Diskussioun iwwer d‘Finanzéierung vum Gesondheetssystem misst gefouert ginn.

„Verglach mat anere Länner a Verglach mam Räichtum vum Land, Verglach mam Bruttoinlandsprodukt investéiere mir wéineg an d'Gesondheet, hallef sou vill wéi Däitschland, Frankräich an d'Belsch oder och d'Schwäiz. Dat ass mengen ech eng Iddi déi ech bis elo an dëser Walcampagne nach net oft héieren hunn, déi vläicht och net onbedéngt populär ass, mee déi mer definitiv sollten opgräifen."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft
Interview