Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - Bullett Proof

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grënn fir dat schlecht Walresultat: "Vum grénge Bashing bis hin zum Trend vun der Zäit"

Djuna Bernard mat engem Réckbléck

Grënn fir dat schlecht Walresultat: "Vum grénge Bashing bis hin zum Trend vun der Zäit"

Op der Sich no Erklärunge fir hiert schlecht Walresultat hätten déi gréng och Leit gefrot, déi eng Roll an der Zivilgesellschaft spillen, déi hinnen awer net no stinn. Dat sot d’Partei-Co-Presidentin Djuna Bernard am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Bal d’Hallschecht vun de Memberen hätt op e Questionnaire geäntwert, deen d’Parteispëtzt erausgeschéckt hat. Zu den Ursaachen, déi do genannt gi fir de Verloscht vu fënnef Sëtz an der Chamber ze erklären, sot d’Djuna Bernard:

"Vum grénge Bashing iwwer den Trend vun der Zäit, deen net an eiser Faveur war, iwwer Kommunikatiouns-Feeler, iwwer Personalerneierungen, déi ganz sécher net gehollef hunn, iwwer sech net genuch profiléiere kënne vis-à-vis vun de Koalitiounsparteien. Ech mengen, dat sinn alles Punkten, déi och do erëmkomm sinn, an déi och d’Komplexitéit vun deem Resultat erëmginn, well et jo net een einfache Grond gëtt."

Och Leit aus der Zivilgesellschaft goufe befrot. D’Conclusiounen aus deenen Interviewe géife mat de Resultater vun enger Enquête bei der grénger Basis zesummegeluecht ginn, fir déi intern Diskussioune weider ze guidéieren.

Elo géing ee mat de Resultater aus deenen Ëmfroe bei d'Memberen an an d'Bezierker diskutéiere goen. 

"An dat ass jo och dat Schéint: do si jo enorm vill Leit, déi jo elo wëllen déi Dynamik matdroen, déi net de Kapp an de Sand stiechen, mee déi elo all zesumme wëlle kucken: Ok wou gi mer hin? Wat heescht dat elo, gréng an der Oppositioun? An dee Prozess, deen hëlt seng Zäit. An dee muss och seng Zäit huelen." 

Natierlech wier d'Echeance vun den Europawalen eng Deadline, déi hir Schwieregkeeten an deem Sënn géing matbréngen, esou nach d'Djuna Bernard.    

Lauschterenplay_arrow