Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ALEBA: Sech als déi drëtt grouss Gewerkschaft am Privatsecteur etabléieren ass d'Zil

Sozialwalen

ALEBA: Sech als déi drëtt grouss Gewerkschaft am Privatsecteur etabléieren ass d'Zil

D’ALEBA wëll sech nieft OGBL an LCGB als drëtt grouss gewerkschaftlech Kraaft am Privatsecteur etabléieren. Déi Ambitioun huet de Roberto Mendolia, hire President zanter 2019, am 100,7-Interview confirméiert.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

Roberto Mendolia | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Roberto Mendolia ass President vun der ALEBA. (Foto: Jo Diseviscourt)

Ënnert sengem Impuls huet d’ALEBA, déi soss just am Banken- an Assurancë-Wiesen täteg war, decidéiert, och an anere Secteuren aktiv ze ginn, mam Zil, spéitstens no de Sozialwale vun 2029 déi national Representativitéit ze kréien, an dann och an der Tripartite mat um Dësch ze setzen.

Politesch Neutralitéit als groussen Attout

Als groussen Atout vu senger Gewerkschaft gesäit de Roberto Mendolia hir politesch Neutralitéit. Hien hofft domat déi ronn 60 Prozent vun de Personaldelegéierten an de Lëtzebuerger Betriber, déi a kenger Gewerkschaft sinn, unzéien ze kënnen.

"Disons que nous on fait un appel à toutes ces délégations neutres, de leur dire que dans la loi souvent elles sont exclues d’être représentées au plus haut niveau décisionnel du pays.  Et on dit : Mettons-nous ensemble et soyons votre porte-parole. Ensemble nous pourrons créer un grand syndicat, politiquement neutre, de manière à porter votre voix aux plus hautes instances décisionnelles du pays."

Roberto Mendolia: "On fonctionne différemment"

D'Zil, spéitstens no de Sozialwale vun 2029 déi national Representativitéit ze kréien, ass ambitionéiert. Wéi soll dat goen, bei enger Organisatioun, déi am Benevolat geféiert gëtt an déi just eng gutt Dose Leit fest fir sech schaffen huet? Mir sinn am Opbau, seet de Roberto Mendolia.

"Puisque notre structure fait que nous sommes dirigés par des délégués du terrain, au fur et à mesure des évolutions des délégations, nous allons développer chaque silo de l’ALEBA. Nous avons les moyens financiers de le faire. (...) On fonctionne différemment. Mais ce qu’il faut comprendre, c’est que notre force est sur le terrain. Nous sommes 700 délégués, et les 700 délégués potentiellement dirigent l’ALEBA dans leur secteur."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Sozialwalen