Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Birds Nest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Greenpeace: “Mir wëllen um Landwirtschaftsdësch matdiskutéieren”

Ëmwelt a Landwirtschaft

Greenpeace: “Mir wëllen um Landwirtschaftsdësch matdiskutéieren”

Den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg fuerdert, datt nieft de Baueren och d’Ëmweltorganisatiounen op de Landwirtschaftsdësch invitéiert ginn: Et wier net richteg, d’Ëmweltschützer an d’Bio-Bauere vun den Diskussiounen iwwert d’Landwirtschaft auszeschléissen, esou de Raymond Aendekerk am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Raymond Aendekerk | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Raymond Aendekerk vu Greenpeace Lëtzebuerg. (Foto: Jo Diseviscourt)

De Greenpeace-Direkter betount, wann een iwwert d’Zukunft vun der Landwirtschaft diskutéiert, misst dat a Form vun engem breeden Dialog geschéien. Ënnert der leschter Regierung hätt dat gutt funktionéiert.

“Et ass net richteg, d’Bio-Bauere vun engem Agrar-Dësch auszeschléissen. Et ass och net richteg, Ëmwelt-Organisatiounen auszeschléissen. Mir haten an de leschte Joren e gudden Dialog."

Et wéilt een also op "jidde Fall an iergendenger Form" um Dësch setzen. Dat wier och déi lescht Jore gemaach ginn, an dat wiere gutt Diskussiounen gewiercht, esou den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg." Den nächste Landwirtschaftsdësch ass fir de 4. Mäerz geplangt.

"Et muss een och konfrontativ diskutéieren"

De Raymond Aendekerk betount och, wann een iwwert d’Zukunft vun der Landwirtschaft diskutéiert, misst dat a Form vun engem breeden Dialog geschéien:

“Et muss een och konfrontativ diskutéieren, wéi dat jo och gemaach gëtt. Dat ass gutt. Dat ass net fir näischt, datt d’Leit sech an Table-Ronden zesumme setzen an a Reuniounen, a Reuniounen. Dat ass keng verlueren Zäit. Et muss ee just de Kader setzen, et muss ee gutt moderéieren. An et muss een d’Tatsaachen op den Dësch leeën, a soen: Hei dat doten ass de Problem. Mir hunn een Ammoniak-Problem, mir hunn ee Methan-Problem. Mir mussen dat elo reduzéieren. Do kënne mir näischt schéirieden an dat gëtt einfach net gemaach.”

De Greenpeace-Direkter ass zum Beispill iwwerzeegt, datt och d’Lëtzebuerger Baueren hire Véibestand an den nächste Jore musse reduzéieren. Déi nei Landwirtschaftsministesch Martine Hansen géif net dolaanscht kommen, esou Theemen unzeschwätzen, mengt de Raymond Aendekerk.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt