Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Philippe Mersch: Modell Autosfestival ass net a Fro gestallt

Mobilitéit

Philippe Mersch: Modell Autosfestival ass net a Fro gestallt

“Déi nächst 10 bis 15 Joer maachen ech mir keng Gedanken”, dat äntwert de President vun der Fedamo op d’Fro ob den Auto laangfristeg eng Zukunft wäert hunn. Nom Ofschloss vum Autosfestival erwaart de Philippe Mersch sech allerdéngs ee weidert schwieregt Joer fir de Secteur.

auto_stories

2 min

Philippe Mersch, President FEDAMO | © Morgane Weidig
Foto: Morgane Weidig

De Festival, dee gëschter op een Enn goung, wier zwar zefriddestellend verlaf, mat ronn 10 Prozent méi Passage an de Garagen. Ob allerdéngs och vill méi Autoe verkaf goufen, kéint een den Ament nach net soen. De Modell vum “Autosfestival” wier awer egal wéi net a Fro gestallt, ënnersträicht de Philippe Mersch.

D’Fedamo hofft iwwerdeems, datt d’Subventioune fir de Kaf vun engem Elektroauto weider héich wäerte bleiwen. Sengem Gefill no, mengt hien awer, datt déi 8.000 Euro a Fro gestallt sinn.

"Si wëlle sozial Critèren aféieren. D'Fro ass wéi déi kënnen ëmgesat ginn, well mer hei zu Lëtzebuerg jo keen Impakt hunn op de Produit an op de Präis, sou datt dat relativ schwiereg ass."

Staark Hëllefe bäibehalen

Den entspriechende Klimabonus leeft Enn Juni aus. D’Fedamo wäert do virdru mat Regierungsvertrieder zesumme kommen, fir hir Positioun ze erklären.

"Eise Plaidoyer wäert ganz sécher si fir staark Hëllefe bäizebehalen, well et ass ganz kloer, datt haut den Automobil net kann elektrifizéiert ginn ouni Primmen. Dat ass op d'mannst eis Iwwerzeegung. Et gesäit een och Beispiller am Ausland wou d'Primmen ewech geholl gi sinn, datt dann d'Vente wierklech total abrécht."

De Philippe Mersch fënnt awer, datt et och wichteg ass, datt eng Gerechtegkeet tëscht de verschiddene Motorsteierunge besteet.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Mobilitéit
Interview