D’SNCI wier eng “genial Idee”, déi eng vill ze vill kleng Roll spille géif am Moment: si kéint wichteg an noutwenneg grouss Investissementer am Beräich vun der energeetescher an der digitaler Transitioun finanzéieren, misst dofir awer hir Gouvernance reforméieren. Béides hätt hie wëlle realiséieren, wier awer gescheitert. Mee:
"Ech fille mech hei verankert. Ech fillen, datt et net duergeet, nëmme schlau Saachen ze soen, mee datt een och agéiere kann, soll a muss .... Ech gleewen drun, datt mir an den nächste Joren enorm Challengen hunn. D’SNCI ass a bleift een Organ, wou een dat kann ëmsetzen. Sou wéi se haut besteet oder vläicht eng nei-gegrënnt SNCI mat enger propperer Gouvernance a proppere Reegelen. An ech hunn domat net ofgeschloss. Ech stinn zur Verfügung fir do ze ënnerstëtzen, insofern dat utile ass."
Konflikter tëscht der ëffentlecher Missioun an de privaten Interêten
Hie wier bei der SNCI un dräierlee gescheitert, sot de Marc Niederkorn. Engersäits hätt et bei der SNCI e grousse Widderstand géint all Form vu Verännerung an och ee Refus, sech a Fro ze stellen, ginn. An dann hätten och Interessekonflikter vun eenzele Beamten eng Roll gespillt.
"Engersäits Konflikter, déi héich Fonctionnairen hunn, an hirer Roll als Beamten a gläichzäiteg als Administrateur a Gesellschaften oder bei der SNCI: dat ass een éischten Niveau, wou et ganz komplizéiert ass, well ech engersäits d’Reegele setzen, anerersäits awer vläicht fir eng kommerziell Gesellschaft muss mat Decisiounen droen a Risiken huelen. Dat ass schwiereg a komplizéiert."
Dobäi kéim dann nach de Problem vun der Multiplikatioun vun de Mandater. Et gi Fonctionnairen, déi net nëmmen Administrateur bei enger Struktur sinn, mee bei zwou Banken, zum Beispill.
"Wéi kann ech zur gläicher Zäit bei zwou konkurréierenden oder och kooperéierenden Institutiounen déi Roll als Administrateur iwwerhuelen? Mir hunn och – an dat muss adresséiert ginn – Konflikter tëscht der ëffentlecher Missioun an de privaten Interête vun deene Fonctionnairen."
Dat misst ugepaakt a geléist ginn, sou de Marc Niederkorn.