arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elektronesche Patientendossier schéngt endlech Fouss ze faassen

Dossier de soins partagés

|
reading time

2 min

headphones

11 min

play_arrow

Elektronesche Patientendossier schéngt endlech Fouss ze faassen

D'Agence eSanté huet de leschte Mount an hirem Joresrapport matgedeelt, datt et antëschent 1,2 Milliounen där Dossiere gëtt. Op ee Joer gekuckt, hätt et e Plus vun iwwer 200 Prozent bei deene Konte ginn, déi och aktivéiert ginn.

reading time

2 min

headphones

11 min

play_arrow
© Chris Zeien
(Foto: Chris Zeien)

Déi staark Hausse wier virun allem drop zeréckzeféieren, datt et zënter engem Joer keng CDe fir Rëntge méi géif ginn, seet den Ian Tewes, hien ass Direkter vun der Agence eSanté, déi de sougenannten Dossier de soins partagé geréiert. "Dat heescht, dat ass den Haaptmoyen elo, wou d'Dokteren un déi Imagen dru kommen." Och d'Aféiere vum Payement immédiat direct hätt als Nieweneffekt, datt méi där Dossieren opgemaach ginn, well all Dokter, deen de PID wëllt ubidden, och ee Kont bei eSanté muss opmaachen.

Momentan wiere bei der Agence eSanté 220.000 Konten ageschriwwen, 2.000 Leit kommen all Mount bäi a ronn 140.000 Dokumenter gi pro Mount consultéiert. Iwwer déi lescht 12 Méint hätt ee sech bei de Patiente verduebelt a bei den Doktere souguer verdräifacht.

Momentan géif et nach e bëssen haken, wat den Accès ausserhalb vum Spidol ugeet.

D'Agence eSanté schafft dofir aktuell mam Centre des technologie de l'information de l'Etat zesummen, fir eng Bréck zum myguichet ze bauen.

"An d'Iddi ass, datt Dir aus Ärem Guichet kënnt eriwwersprangen an den DSP, ouni Iech nach eng Kéier mussen anzeloggen an do dann och dem Dokter kënnt méi einfach Accès ginn. Dir kënnt och da méi einfach kucken, wien Accès hat op Ären Dossier, an op der Dokterssäit si mir amgaangen och drun ze schaffen, fir dat ze vereinfachen."

play_arrow Lauschteren