Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Guy Entringer: D'SNHBM huet ze vill Wunnengen an net genuch Clienten

Logementsmarché

Guy Entringer: D'SNHBM huet ze vill Wunnengen an net genuch Clienten

Déi ëffentlech Wunnbau-Gesellschaft SNHBM huet de Moment ze vill Wunnengen an net genuch Clienten, déi se kéinte kafen. Dat seet den Direkter vun der Société des habitations à bon marché, de Guy Entringer.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
De Guy Entringer ass den Direkter vun der Société des habitations à bon marché. (Foto: Chris Zeien)

Aktuell wieren zwar vill Leit op der Waardelëscht, mee déi kéinten sech keng SNHBM-Wunneng leeschten. D’SNHBM wäert an Zukunft dowéinst méi op d’Locatioun setzen an awer och weider bauen: 400 Unitéite pro Joer sinn d’Zil, sou de Guy Entringer. Dofir bréicht een awer dréngend Bauland, sou säin Appell un d’Regierung.

Éischtens misst de Staat déi Terraine kafen, zweetens wier et um Staat ze definéiere wou soll gebaut ginn. 400 Unitéite pro Joer ze bauen, dat ass d’Zil fir 2026, sou de Guy Entringer. Aktuell wier awer d‘Demande bei der SNHBM méi niddreg wéi d‘Offer. Ronn 125 Wunnenge géifen op ee Keefer waarden.

Fir Demande ze stimuléieren: Pai-Seuile ginn ugepasst

De Guy Entringer begréisst dofir och, datt d‘Regierung d‘Pai-Seuile wëllt an d‘Luucht setzen, fir datt méi Leit eng Wunneng vun der SNHBM kënne kafen.

„Well eigentlech sinn déi Seuilen esou geduecht gewiescht, datt een dee méi verdéngt net engem dee manner verdéngt eng Wunneng ewechkeeft, mee am Moment hu mer eigentlech ze vill Wunnengen ze verkafen an net genuch Clienten.“

Datt d’SNHBM net op de rezente Logementsdësch invitéiert war, erkläert hie sech domatt, datt d’Regierung dem Iwwerliewe vun de Bau- an Handiwerksentreprise wollt d’Prioritéit ginn – an dovu géif och eng SNHBM profitéieren.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik a Gesellschaft