Radioen

On air

Kultur um 5  |  Eva L’Hoest - The Mindful Hand

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eisebunnergewerkschaft: “Keng positiv Erënnerungen un DP an CSV”

Fusioun mam OGBL

Eisebunnergewerkschaft: “Keng positiv Erënnerungen un DP an CSV”

De President vum Landesverband hofft, datt den nächsten Transportminister mat der Politik viru fiert, déi an de leschte Jore gemaach gouf. Als Eisebunnergewerkschaft wier ee ganz zefridde gewiescht, datt de François Bausch d’Investitiounen an d’Schinn däitlech ausgebaut huet, esou de Georges Merenz.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

U fréier Transportminister vun der DP an der CSV hätt een dogéint keng esou gutt Erënnerungen. Datt d’Dräierkoalitioun elo wahrscheinlech vun enger CSV-DP-Koalitioun ofgeléisst gëtt, gesäit hien dowéinst mat enger gewësser Skepsis.

“Mir hate scho blo Transportministeren, a schwaarz Transportministeren. An ech wëll dat elo net hei thematiséieren, well dat wier net ganz positiv."

Eng Preferenz hätt hien dowéinst och net, schliisslech misst ee "souwisou den huelen, dee mir kréien.”

Fusioun mam OGBL ee "Virdeel fir d'Memberen"

De President vum Landesverband ass iwwerzeegt, datt déi geplangte Fusioun mam OGBL dee richtege Wee fir d’Eisebunner-Gewerkschaft ass: Fir d’Membere wier et e Virdeel, datt se an Zukunft Deel vun enger méi grousser Gewerkschaft sinn, esou de Georges Merenz. Si kéinte sech doduerch zum Beispill vum OGBL sengen eegenen Affekote berode loossen. De Landesverband hätt dogéint ëmmer op extern Juriste missen zeréckgräifen.

D’Eisebunnergewerkschaft wäert schonn an zwee Méint definitiv mam OGBL fusionéieren. Dobäi war den Zesummeschloss am Ufank eréischt fir Enn 2024 geplangt. Zu dem Moment hätt een awer nach net gewosst, datt d’Sozialwale schonn am Mäerz d’nächst Joer sinn, esou de Georges Merenz.

"Wa mir elo géifen als Provisorium an d’Sozialwale goen, dat wier net gutt fir eis Kandidaten, an och net fir eis Wieler. Mir wëllen de Leit ganz kloer soen, wat mir sinn an net eréischt sechs Méint duerno erklären, elo si mir OGBL, oder elo si mir et net. Esou kënnen d’Leit als einfach als OGBL wielen.”

De Georges Merenz wäert also als leschte President vum Landesverband an d’Geschicht agoen.

Lauschterenplay_arrow