Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fred Keup: “D’Virwërf géint den ADR-Vizepresident si mir komplett Wurscht”

Chamberwalen

Fred Keup: “D’Virwërf géint den ADR-Vizepresident si mir komplett Wurscht”

Den ADR-Spëtzekandidat Fred Keup seet et wär him “komplett Wurscht”, datt de Vize-President vu senger Partei e Symbol benotzt huet, wat och vu Gruppe benotzt gëtt, déi vum däitsche Verfassungsschutz observéiert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

Fred Keup | © Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Datt de Vize-President Dan Hardy op Whatsapp esou ee Symbol als Profilbild benotzt hätt wier "en Non-Event", esou de Fred Keup de Moien hei op der Antenn. Den ADR-Spëtzekandidat huet a Fro gestallt, datt säi Vizepresident jee esou e Profil-Bild benotzt huet, obwuel et Beweiser dofir ginn. D’Virwërf géint den Dan Hardy wieren eng reng "Meenung" vu Journalisten, esou de Fred Keup.

Fred Keup: "Ech war ganz vill ënnert de Leit an de leschten Deeg vu Moies bis owes. An et huet nie ee mech op esou eppes ugeschwat. Au Contraire, d’Leit si ganz positiv."

Rick Mertens: “Mee ass et akzeptabel?"

Fred Keup: "An ech mengen si wëssen och, datt d’Saachen do mat den Hoer erbäi gezu ginn, a mëssinterpretéiert ginn"

Rick Mertens: “Also, an dem hei Fall ginn et Screenshotte vun dem Symbol, wat do als Profilbild benotzt gouf. Et ass net esou, datt déi Geschicht erfonnt ass."

Fred Keup: "Dat mengt dir! Oder wien?”

Rick Mertens: "Ech weess dat, well mir hunn d’Geschicht jo selwer recherchéiert."

Fred Keup: "Jo, dat ass dann är Meenung. A mir hunn eng aner. A vun de Leit dobaussen huet nach keen är Meenung gedeelt, dee bei eis komm ass."

Rick Mertens: "Dat heescht dir sot: Dat ass einfach net wouer. Dat Profilbild gouf et ni beim Dan Hardy?"

Fred Keup: “Also, dat ass mir komplett Wurscht!”

De Fred Keup sot iwwerdeems och hien hätt net d’Gefill, datt seng Partei politesch isoléiert ass. Sympathisante vun der CSV géifen him zum Beispill soen, datt si sech eng Koalitioun mat der ADR wënschen, esou de Fred Keup am 100,7-Interview. Datt CSV-Politiker esou eng Zesummenaarbecht ausschléissen ass a sengen Aen dofir "net ganz clever".

 

Lauschterenplay_arrow