Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Spautz: "Mir wollten d'Educatioun"

Neien CSV-Fraktiounschef

Marc Spautz: "Mir wollten d'Educatioun"

Et wier net ongewéinlech bei der CSV, datt Leit an d’Regierung kommen, déi net gewielt goufen oder emol net kandidéiert hunn, sot de neien CSV-Fraktiounschef Marc Spautz am 100,7-Interview. Als Beispiller huet hie Jean-Claude Juncker, Jacques Santer a Martine Hansen genannt.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Domat huet de Marc Spautz d’Nominatioun vun der Martine Deprez als nei Gesondheets- a Sozialministesch verdeedegt. Op d’Fro, firwat seng Partei sech net méi staark ëm d’Educatioun beméit hätt, no all deem, wat se un der Politik vum Claude Meisch auszesetzen hat, sot de Marc Spautz, datt wann d'CSV all Ministère kritt, wou se eppes auszesetzen hat, hätt d'Partei all d'Ministère kritt.

"Well mer hunn déi lescht zéng Joer an alle Beräicher eppes auszesetze gehat. A mir wollten och d’Educatioun. Mee Dir wësst: a Koalitiounsverhandlungen ass et wéi an engem Stot, do muss een sech herno op e Package eenegen. An do war et net méiglech d’Educatioun ze kréien. – Dir wollt den Educatiounsministère? – Mir wollten d’Educatioun."

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik
Interview