D‘Regierung géif d‘Politik vun där viregter virufueren, ouni vill ze änneren. Dat géif dem Fred Keup no net dem entspriechen, wat d‘Wieler:inne sech erwaart hunn.
"An ech mengen och net, dass et gutt ass fir eist Land, well ech sinn iwwerzeegt, dass mer, wann ee wëll regéieren an engem Land wéi Lëtzebuerg och, da brauch een iergendwéi Ziler. An da brauch een Ambitiounen, fir déi Ziler ze erreechen."
Kritik un der Debatt zur Rentereform
E Beispill wieren d‘Consultatioun fir eng Reform vum Pensiounssystem. Et wier en Debatt ugestouss ginn, bei där een net wéisst, wou et géif hi goen.
"Wann s de couragéiert optrëts als Regierung, da proposéiers de ganz kloer dat, wat s de der virstells fir d'Renten an da probéiers de dat duerchzezéien. Dann ass et kloer, wou s de hi wëlls."
Seng Partei ADR wier fir eng Reform, déi misst awer douce ugesat ginn. D‘ADR kéint sech zum Beispill virstellen, d'Cotisatiounen unzepassen.
Héich Kriminalitéit zu Lëtzebuerg?
Mir wieren eent vun de Länner mat dem héchste Kriminalitéitstaux an Europa, virun allem wat Iwwerfäll an Abréch ugeet. De Fred Keup bezitt sech hei op eng Statistik vun Eurostat, iwwer Iwwerfäll, Abréch an Déifstall. Aus där geet ervir, datt am Joer 2022 zu Lëtzebuerg ronn 3.200 Delikter pro 100.000 Awunner bei der Police registréiert goufen, an datt Lëtzebuerg domat deen zweethéchsten Taux an Europa hätt.
Aus den Zuele vun der Lëtzebuerger Police geet effektiv ervir, datt et no der Pandemie eng Hausse vun den enregistréierten Infraktioune gouf. Dozou gehéieren Déifstall, Abréch an och Bedruch a versichte Kierperverletzung.
2022 gouf et der Police no 8.255 Infraktioune, wat enger Hausse vu ronn 22 Prozent par rapport zum Joer virdrun entsprécht. Allerdéngs waren dës Zuele virun der Pandemie relativ stabel. Tëschent 2017 an 2020 goufe bei der Police ëmmer ëm déi 6.300 Infraktioune pro 100.000 Awunner registréiert. D’Abréch sinn zum Beispill 2019 ëm 4,58 Prozent zeréck gaangen.