search

/ Franz Fayot: “Et muss ee sech froen, ob déi Direktioun nach ze halen ass”

Caritas-Affär

|
headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow

Franz Fayot: “Et muss ee sech froen, ob déi Direktioun nach ze halen ass”

Kee wéilt esou richteg Verantwortung huelen, seet den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Hei misst ee sech d'Fro stellen, ob déi aktuell Direktioun vun der Bank d'Situatioun erëm riicht béie kéint. Virun allem wann een a Betruecht zéie géif, datt d’Spuerkeess-Direktesch eng CSV-Vergaangenheet huet.

headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow
Den Deputéierte Franz Fayot (LSAP)
Den Deputéierte Franz Fayot (LSAP)

An der Suite vun der Caritas-Affär si gravéierend Feeler a Lacunne bei der Spuerkeess constatéiert ginn, duerch déi schlussendlech esou eng grouss Fraude iwwerhaapt méiglech war, esou den LSAP-Deputéierten.

Dossier Caritas oder Spuerkeess-Affär?

Dat wier besonnesch besuergneserreegend, well et ëm eng systeemesch Lëtzebuerger Bank geet, géint déi déi zweet héchste Geldstrof vun der Bankenopsiicht CSSF ausgeschwat gouf.

“An ech mengen, dat huet gravéierend Konsequenzen an e grousse Vertrauensverloscht an d’Spuerkeess mat sech bruecht.”

asset

Wie wosst wéini wat a wisou ass dat wichteg?

“Dann hätt een anescht kéinten agéieren” seet de Franz Fayot am 100,7-Interview. Et hätt een all d'Acteure kënnen un en Dësch bréngen, se mat hire Responsabilitéite confrontéieren a warscheinlech eng aner Solutioun fanne fir d'Caritas ze retten, mengt den LSAP-Deputéierten.

“Et weist sech ëmmer méi, datt d’Caritas eng Victime war vun engem System, dee feelerhaft war, och bei de Banken.”

Fir de Franz Fayot wier den CSV-Finanzminister Gilles Roth "ganz sécher" an der politescher Obligatioun gewiescht de Premier Luc Frieden ze informéieren. Mee et hätt een et net wéilte wëssen, esou den LSAP-Deputéierten.

Liest hei de Bilan no der Finanzkommissioun vun e Méindeg

Liesen

Ass d'Spuerkeess mat Schold?

De Rapport vun der CSSF géif kloer soen, datt et systeemesch a strukturell Lacune am Iwwerwaachungssystem bei der Spuerkeess gouf. Domat wier “ganz villes gesot”. Et géif also e ganz enke Lien ginn tëschent der Caritas-Affär an der Strof vun der Bankenopsiicht CSSF.

Hätt d'Spuerkeess alleguer d'Recommandatioune vun der CSSF vun 2021 ëmgesat gehat, dann hätt d'Fraude warscheinlech kéinte verhënnert ginn. Datt déi Recommandatiounen net komplett ëmgesat goufen, wier ganz kloer en Echec, esou de Franz Fayot.

Den LSAP-Deputéierten huet d'Impressioun, datt d'Direktioun vun der Spuerkeess d'Decisioun vun der CSSF ëmmer nach net géif akzeptéieren. "D’CSSF wier do e bësse streng” hätt et geheescht. A kee wéilt do richteg Verantwortung iwwerhuelen.

Et misst een sech elo d'Fro stellen, ob dës Direktioun nach ze hale wier, virun allem wann een de politesche Background vun der Direktesch géif kucken, seet de Franz Fayot. Domat mengt hien déi enk Relatioune vun der Françoise Thoma zu der CSV.

Dat wier awer d'Entscheedung vun engem Verwaltungsrot. Well awer Vertrieder vum Staat am Verwaltungsrot géife setze, wier et och eng politesch Entscheedung.

“Wann ech do esou Aussoe vun deenen engen oder deenen aneren och bei der CSV héieren, da froen ech mech, ob déi Direktioun do nach effektiv ze halen ass.”

Et misst een elo Verantwortung iwwerhuelen, dat waren dem Franz Fayot seng ofschléissend Wierder am 100,7-Interview.

play_arrow Lauschteren