Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Didier Kienou: D'Mënschen an der Sahelzon net eleng loossen

Kooperatiounspolitik

Didier Kienou: D'Mënschen an der Sahelzon net eleng loossen

D’Lëtzebuerger Regierung hat ugangs Februar decidéiert, d’Partenariater mam Burkina Faso, dem Mali an dem Niger auslafen ze loossen, well se, no Militärputschen an den dräi Länner, keng Basis méi fir eng weider Zesummenaarbecht gesinn huet.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Didier Kienou | © Chris Zeien play_arrow
Den Didier Kienou ass de Vertrieder vun der Lëtzebuerger ONG “Le Soleil dans la Main” am Burkina Faso. (Foto: Chris Zeien)

Déi Staate kréien deemno keng Sue méi aus dem Lëtzebuerger Budget iwwerwisen, Projete vun ONGen an deene Länner ginn awer weider mat ëffentleche Gelder co-finanzéiert. An dat wier och batter noutwenneg, seet den Didier Kienou. Hien ass de Vertrieder vun der Lëtzebuerger ONG “Le Soleil dans la Main” am Burkina Faso.

E gudden Drëttel vun den 110 Millioune Leit, déi am Kär vun der Sahelzon liewen, ass op humanitär Hëllef ugewisen. An deene méi wéi 30 Millioune Mënschen (dorënner vill Kanner) sollt een d’Hëllef och net verwieren, just well se vu Militärregimmer, déi sech un d’Muecht geputscht hunn, regéiert ginn. Dat seet den Didier Kienou am 100,7-Interview, hien ass de Vertrieder vun der Lëtzebuerger ONG “Le Soleil dans la Main” am Burkina Faso.

Datt d’Lëtzebuerger Regierung déi direkt Hëllef fir säi Land gestoppt huet, wollt hien net kommentéieren. Hie sot just:

«Ne laissons personne de côté. Si une décision politique doit engendrer l’abandon de populations parce que ces populations sont gouvernées par un régime militaire, je pense qu’’il y a un souci. Retenons donc juste le fait qu’il ne fait laisser personne de côté.»

Lauschterenplay_arrow