Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Hozier - Nobody's Soldier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi wäit ass de Chantier vum Hotel des Postes um Aldringen?

Enn 2026 soll e fäerdeg sinn

Wéi wäit ass de Chantier vum Hotel des Postes um Aldringen?

Iwwer 100 Joer laang war am sougenannten “Hotel des Postes” um Aldringen an der Stad den Haaptsiège vun der Post. Elo ënnerläit d’Gebai enger gréisserer Transformatioun: Bis Mëtt 2026 soll doraus ee Luxushotel entstoen. Vu bausse gesäit een net vill, d’Baustell ass komplett verhüllt. Mee wéi gesäit et hannert de Maueren aus a wéi wäit ass de Chantier bis elo?

auto_stories

4 min

Post Hotel | © POST Luxembourg / Anouk Flesch
Fotoen: POST Luxembourg / Anouk Flesch

Tëschent Gerüster, engem Echo u Buermaschinnen, lauter Kabelen a vill Stëbs gesäit et an der Entrée vum fréiere Postgebai nach zimmlech wüüst aus. Och de gliesenen Daach iwwert dem Bannenhaff muss nach fäerdeg gemaach ginn. Laang schéngt et hier, datt een hei eemol an der Schlaang virun engem Guichet stoung. Genau hei soll a gutt annerhallwem Joer d’Lobby vun engem Luxushotel entstoen. 90 Kummeren, verdeelt op 3 Stäck. Dobäi kënnt nach eng ganz Offer u Restauranten, Butteker a Wellness, erkläert d’Maria-Elysa Galichon, Responsabel vum Chantier. Vous retrouverez deux restaurants, dont un au rooftop, vous retrouverez un spa et un wellness, une salle de Fitness au sous-sol- Le tout sera accessible à la fois aux clients de l’hotel, mais aussi au public.“

Trotz dësen héijen Ambitioune wëllt de Philippe Baudry, President a Generaldirekter vun Artea, der Firma, déi den Hotel exploitéiere wäert, selwer awer net vun engem Luxus-Hotel schwätzen, fir hie wier et éischter eng Plaz, wou sech d’Leit wuelfille sollen.

"C’est ce qu’on appelle un boutique-Hotel de grand qualité."

Opwändeg Ëmbauaarbechten

D’Gebai, dat virun iwwer 100 Joer vum Architekt Sostène Weis entworf gouf, steet op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter an der Gemeng Lëtzebuerg. Zil ass et de Charakter vum historesche Postgebai trotz Ëmbau bäizebehalen. Do entstinn natierlech eng Partie Contrainten. Et muss mat de scho bestoenden Installatioune vum Gebai geschafft ginn, erkläert d’Maria-Elysa Galichon.

© POST Luxembourg / Anouk Flesch
(Foto: POST Luxembourg / Anouk Flesch)

"On a donc retiré un certain nombre de structures metalliques pour retrouver les arches d’origines. La difficulté suivante c’est que les arches d’origines n’étaient pas prévu pour avoir des Poids aussi lourds. Donc qu’est-ce qu’on fait? On déconstruit en partie, on coule du béton, et on remet des pierres d’origines."

Den Hotel soll och den Numm "Hotel des Postes" bäibehalen, d’Post ass a bleift nämlech Proprietär vum Gebai. De Generaldirekter vun der Post, Claude Strasser erkläert, datt et sech beim Ëmbau ëm ee Co-Finanzement handelt. D‘Post hätt dofir ee laangfristege Bail mat Artea gemaach, déi d‘Transformatioun vum Hotel mécht. D‘Post finanzéiert déi Gesellschaft zu 50 Prozent. Eng aner Gesellschaft, déi zu 100 Prozent Artea gehéiert, wäert den Hotel spéider exploitéieren.

Lex Delles: Hotel fir Perfection-Seekers

Mat ënnert anerem dem Hotel Royal, mam Hotel op der Plëss, a mam Sofitel ginn et schonn eng Partie 5-Stären-Hoteler matzen am Stadzentrum. Et wéilt een och Clienten an Touristen unzéien, déi dëse gewësse Standard sichen, erkläert den Tourismusminister Lex Delles.

"Mir sichen och Perfection-Seekers. Dat heescht dat si Leit, déi hunn d’Kultur ganz gären, dat si Leit déi hunn Hoteller wéi deen heite ganz gären, déi wëlle Wellness am Hotel hunn, déi wëllen d’Konschtszeen an d’Restauratioun hei an der Stad erliewen, dat ass eng aner Zilgrupp."

© POST Luxembourg / Anouk Flesch
(Foto: POST Luxembourg / Anouk Flesch)

Och de Patrick Goldschmidt, Schäffe vun der Gemeng Lëtzebuerg, ass do änlecher Meenung. "Mir sinn all verschidden a mir hunn all verschidde Gouten a Portefeuillen an da muss e kucken, datt een eng Offerte huet fir jiddereen."

D’Käschte fir den Ëmbau belafen sech op ronn 60 Milliounen Euro, wat ronn 10 Milliounen Euro méi wéi uersprünglech geplangt sinn, sou nach d’Prezisioun vum Post-Generaldirekter Claude Strasser. Dobäi kommen dann awer nach d’Käschten fir de ganzen Ekippement, déi den Exploitant droe wäerten. Nach ass awer vill ze dinn, bis datt den éischte Gaascht hei iwwernuechte kann.