Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Miso Extra, Metronomy - Good Kisses

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marianne Donven: "Ech hu ganz vill schlëmm Saachen erlieft déi lescht Méint"

Flüchtlingspolitik

Marianne Donven: "Ech hu ganz vill schlëmm Saachen erlieft déi lescht Méint"

Der Regierung hir Approche zu deene Schwächsten an Äermsten aus der Gesellschaft wier onmënschlech, esou d’Marianne Donven. Hir Demissioun vun hirem Poste beim Staat huet an de leschten Deeg fir Opreegung gesuergt: Eng Ukënnegung aus Protest géint ënnert anerem d‘Flüchtlingspolitik vun der Regierung, déi vill méi streng gi wier.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Marianne Donven | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Aus Protest géint d'Flüchtlingspolitik vun der Regierung huet d'Marianne Donven, déi sech zënter ville Jore mat Initiative wéi der ASBL "En oppent Haus" oder de Chiche-Restauranten fir Flüchtlingen asetzt, beim Staat gekënnegt. Am 100,7-Interview erkläert si hir Roserei.

Situatioun "net ze akzeptéieren"

Net nëmmen a Saachen Asyl, wou ganz vill Decisioune méintelaang schleefe géifen, a "wou mir d'Impressioun hunn, dass vläicht d'Immigratioun souguer wéilt, dass d'Leit verzweifelen an hir Saachen huelen a fortginn, well se keng Äntwerte kréien", seet d'Marianne Donven. Och a Saache Regroupement familial géif alles "onendlech laang" daueren.

"Do ginn et Fraen, déi am Afghanistan a ganz schwierege Situatioune säit engem Joer drop waarden, hirem Mann zu Lëtzebuerg hei erëm ze fannen, wou awer keng Äntwerte kommen. An awer natierlech och a Saachen Accueil gi ganz, ganz vill Leit aus de Foyeren erausgesat. An dat ass fir mech net ze akzeptéieren."

Schlecht Erënnerungen un dem Luc Frieden seng lescht Amtszäit

D’CSV-DP-Regierung géif d’Gesetzer ganz strikt applizéieren, obschonn si an hirem Koalitiounsofkommes d’Schafe vun enger Härtefallkommissioun erwäänt gehat hätt, fir iwwer Eenzelfäll ze tranchéieren. D’Adaptatioune vun der Regierung hätten si awer wéineg iwwerrascht, sou nach d’Marianne Donven. Si hätt och nach ganz schlecht Erënnerungen un d’Zäit vum Luc Frieden als Justizminister.

"Ganz vill Associatiounen, an ech och, hunn nach ganz schlecht Souvenire vun där leschter Amtszäit vum Minister Frieden an hunn eis scho geduecht, dass alles géif erëm méi streng ginn. Mee voilà, well ech dat eebe vu ganz, ganz no um Terrain alles suivéieren, well ganz, ganz vill Leit bei mech kommen, hunn ech ganz vill schlëmm Saachen erlieft déi lescht Méint."