Radioen

On air

Neijoerschconcert  |  IBERT, JACQUES - Divertissement: Cortège - Fiedler, Arthur

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LSAP: Der Regierung hir Positioun zum Mercosur-Accord ass net kloer

Geplangte Fräihandelsaccord

LSAP: Der Regierung hir Positioun zum Mercosur-Accord ass net kloer

Mam LSAP-Deputéierte schwätzt de Rick Mertens ënner anerem iwwer de Mercosur-Accord an awer iwwer déi verfuere politesch Situatioun a Frankräich an d'Roll vun de Sozialisten.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Beim Sommet vum Mercosur soll haut um Freideg en Duerchbroch bei de schwierege Verhandlunge fir e Fräihandelsaccord mat der EU erzielt ginn. D‘LSAP fënnt, datt d‘Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung an deem Dossier net kloer ass. De Premier Luc Frieden wier zefridden, mat deem wat um Dësch läit, den Ausseminister Xavier Bettel hätt iwwerdeems nach Ännerunge gefuerdert. An anersäits géif d‘Regierung och soen, si géif den Text net wierklech kennen.

Et misst een egal wéi an dësem Text op verschidde Punkten oppassen, esou den Yves Cruchten. Ënner anerem datt korrekt Salairë garantéiert ginn, de Paräisser Klimaschutzaccord respektéiert gëtt an och zum Beispill de Gebrauch vu Pestizidë reglementéiert ass, seet den Yves Cruchten. Wéi dat awer d‘lescht Woch an der Chamber an enger Mentioun gefuerdert gouf, hätt d‘Regierung ofgewiert. Doriwwer wier hie paff, esou de Yves Cruchten.