Radioen

On air

Notturno  |  Dick Annegarn - Sacré Géranium

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Croix-Rouge: “Bei eis wier et net méiglech, 60 Milliounen ze klauen”

No Finanzskandal bei der Caritas

Croix-Rouge: “Bei eis wier et net méiglech, 60 Milliounen ze klauen”

De Generaldirekter vun der Croix-Rouge betount, eng Bedruchsaffär, wéi bei der Caritas, wier a senger Organisatioun net méiglech: “Vun de Prozeduren, déi mir hunn, wier et guer net méiglech 60 Milliounen aus der Organisatioun eraus ze drainéieren,” esou de Michel Simonis.

auto_stories

2 min

Michel Simonis | © Chris Zeien
Foto: Chris Zeien

Hie bedauert, datt duerch d’Situatioun bei der Caritas elo de ganze soziale Secteur géif “a Veruff geroden”.

"D’Reputatioun, déi mer hunn, an d’Intégritéit, déi mer no bausse wëllen affichéieren an déi mer och wierklech all Dag no bannen droen, déi huet hei e ganz, ganz staarke Schued kritt."

Rosen iwwer Faille an der Gouvernance bei der Caritas

Et bräicht warscheinlech Jore fir dat verluerent Vertrauen erëm opzebauen, sou de Michel Simonis.

De Generaldirekter vun der Croix-Rouge seet dofir, hie wier “rosen” an “enttäuscht”, datt d’Gouvernance bei der Caritas net richteg funktionéiert huet.

Prett fir verschidde Caritas-Aktivitéiten ze iwwerhuelen, mee net Demandeur

D’Croix-Rouge ass am Moment net a konkrete Gespréicher fir Aktivitéite vun der Caritas ze iwwerhuelen. D’Caritas misst no hirer Bedruchsaffär fir d’éischt intern klären, wéi eng Aktivitéite si selwer kéint viru féieren, esou de Michel Simonis.

Hie betount awer och: Wa verschidde Projeten nëmme mat der Hëllef vun der Croix-Rouge kéinten um Liewe gehale ginn, da wier ee bereet dat ze maachen.

D‘Croix-Rouge wier net op Wuesstum aus a wier an de leschte Joren och genuch gewuess. 

"Et ass net eis Ambitioun elo hei nach einfach Aktivitéiten dobäi ze setzen. Wann et awer Saache ginn, déi mer mussen iwwerhuele fir se kënnen aktiv ze halen, da wäerte mer eis Responsabilitéit huelen."

Dee Moment misst een dann awer och kucken, ob ee genuch Capacitéiten huet, fir dat ze maachen, sou nach de Michel Simonis.

Lauschterenplay_arrow