Radioen

On air

Spektrum  |  Thee Heart Tones - No Longer Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Aussoe vum Luc Frieden sinn “kee gutt Zeechen”

Caritas-Affär

Aussoe vum Luc Frieden sinn “kee gutt Zeechen”

De President vum Cercle de Coopération bedauert, datt de Premier Luc Frieden de Mëttwoch betount huet, de Staat wéilt am Moment “keen Euro” méi un d’Caritas iwwerweisen. Mat där Ausso géif d’Regierung sech vun der Caritas als Partner “desolidariséieren”, esou de Luc Siebenaller.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
De Luc Siebenaller ass President vum Cercle de Coopération. (Foto: Chris Zeien)

D‘Caritas hätt vum Staat d‘Mandat kritt fir eng wichteg Aarbecht ze maachen, déi de Staat selwer net ka maachen an d‘Caritas hätt iwwer Joren eng virbildlech Aarbecht an deem Beräich gemaach.

"A mir hoffen natierlech, datt wann elo Liicht an d’Saach kënnt a erausfonnt gëtt, wat do alles geschitt ass, datt sech dat dann nees kann änneren."

De Premier Luc Frieden hat de Mëttwoch virun der Press gesot, d’Regierung wier net bereet d’Caritas weider finanziell ze ënnerstëtzen. D’Regierung wëllt awer dofir suergen, datt déi sozial Projeten, déi d’Caritas bedreift kënne viru gefouert ginn – noutfalls andeems se vun aneren Organisatiounen iwwerholl ginn.

Aner ONGe solidaresch mat der Caritas

Am Secteur vun den Entwécklungs-ONGe géif et keng Roserei op d’Caritas ginn, seet de Luc Siebenaller, well iwwer 60 Milliounen Euro bei der kathoulescher Organisatioun verschwonne sinn. Dat wichtegst wier, datt d’Hëllefsprojeten elo trotz der Bedruchsaffär kënne weider gefouert ginn, esou de Luc Siebenaller.

"Et kann net vun engem kriminellen Akt einfach alles zunichte gemaach ginn, wat do opgebaut ginn ass. Do si mir solidaresch ënnerteneen, a mir ënnerstëtzen natierlech d’Caritas op d‘mannst emol moralesch fir duerch déi schwéier Zäit ze kommen."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview