Radioen

On air

Spektrum  |  CRX - Mean To Be Cold

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Chamber kontrolléiert d'Ausgabe vun de Fraktiounen an Zukunft ee Mol d'Joer

Finanzen an der Chamber

D'Chamber kontrolléiert d'Ausgabe vun de Fraktiounen an Zukunft ee Mol d'Joer

Wat maachen d’Chamber-Fraktiounen a Sensibilitéite mat de Suen, déi si vum Parlament kréie fir schaffen ze kënnen? Fir dat méi genau ze wësse sollen an Zukunft all Joer vun der Cour des Comptes Kontrolle gemaach ginn, huet de Chamberpresident Claude Wiseler am 100,7-Interview erkläert.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

Claude Wiseler | © Chris Zeien play_arrow
(Foto: Chris Zeien)

Am 100,7-Interview huet de Chamberpresident Claude Wiseler drop higewisen, datt de Plang, dat ze maachen, souwisou am Raum stoung, an datt déi rezent Revelatioune ronderëm d’Piraten elo just derzou geféiert hunn, datt dee Plang méi séier ëmgesat gëtt.

"Ech hu virun e puer Méint scho mat de Fraktiounspresidente genau doriwwer geschwat, mat der Suggestioun, datt mir dat solle maachen. Dat war also eng vun den Aufgaben, déi ech mir souwisou gestallt hat fir déi nächst Méint an déi nächst Joren."

Wann een dat fir d'Joer 2025 kéint ëmsetzen, da wier dat "perfekt", esou de Claude Wiseler.

Déi prinzipiell Decisioun ass gëschter um Dënschdeg am Chamberbureau gefall, Detailer bleiwen awer nach ze kläeren, sou de Claude Wiseler. Zum Beispill, wat genee mat deenen ëffentleche Gelder däerf bezuelt ginn.

"Wann een e Contrôle vun der Cour des comptes mécht, muss ee sech jo och nach eng ganz Rei Reegele méi prezis festleeën an och vläicht e Plan comptable, deen da jiddwereen d'selwecht mécht. Dat ass also nach eng preparativ Aarbecht, ier mer kënnen ausféieren."

Strofe goufen nach keng festgeluecht

Dem Artikel 19 vum Chamber-Reglement no däerfen déi Gelder nämlech just benotzt gi fir Depensen an Zesummenhang mat der parlamentarescher Aarbecht ze decken. Ob déi Reegel bei de Pirate respektéiert gouf soll och d’Cour des Comptes elo kontrolléieren.

Mee et wier och net ëmmer einfach ze soen, wat als parlamentaresch Aarbecht definéiert ka ginn, gëtt och de Claude Wiseler zou: "Dat huet Interpretatiounsspillraum, a lo muss (..) där Interpretatioun vläicht e Kader gesat ginn."

Mee wat geschitt, wa géint deen Artikel 19 verstouss gëtt? Natierlech misst am Reglement festgeschriwwe ginn, wat d'Konsequenze sinn, wann ee sech net drun hält, betount den CSV-Politiker. Genee Strofe mussen awer nach festgeluecht ginn.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview