Scho viru ronn engem Joer, wéi den Tom Weidig dem Karikaturist Carlo Schneider gedreet hat, hat de Claude Wiseler d'Gespréich mam Tom Weidig gesicht. Hien hätt als Chamberpresident awer net d'Kompetenz, fir an d'Privatliewe vun engem Deputéierten anzegräifen.
"Ech hunn dat eng Kéier kloer gesot, dem Här Weidig, och anere Leit, ech soen dat net zweemol. Ech mengen, entweder et versteet een et, oder et versteet een et net. Et ass net u mir allkéiers, wann iergendeen eppes mécht, fir eng Moralpriedegt ze maachen."
An dësem Fall misst ee politesch däitlech seng Meenung soen a politesch reagéieren.
Den ADR-Nationalcomité soll e Méindeg eng Decisioun huelen iwwert d'Disziplinarprozedur géint den Tom Weidig. D'Partei huet d‘Prozedur géint hiren Deputéierte lancéiert an der Suite vu sengem Like vun engem LGBTQIA-feindleche Kommentar op Facebook. D’Konsequenze vun enger Disziplinarprozedur kéinte vun enger mëndlecher Verwarnung bis zum Parteiausschloss goen, huet d'Parteipresidentin Alexandra Schoos eis an enger schrëftlecher Stellungnam preziséiert.