Nodeems de Moien e Mann mat sengem Auto an e Grupp vun Demonstranten zu München gerannt ass, schwätzt de bayresche Ministerpesident Markus Söder vun engem presuméierten Attentat. De Verdächtegen ass en afghaneschen Asyldemandeur.
De 24 Joer ale Mann wier der Police och scho bekannt gewiescht, wéinst méi klengen Delikter. Hie gouf festgeholl. De Verdächtegen hätt viru senger Dot islamistesch Inhalter op de soziale Medien gepost, gëtt gemellt.
De Bundeskanzler Olaf Scholz sot, et wier kloer, datt den Täter d‘Land misst verloossen. Op d‘mannst 28 Mënsche si blesséiert ginn, e puer dovu schwéier. De Mann ass vun hannen op eng Manifestatioun vun der Gewerkschaft Verdi gerannt.
De Bayresche Ministerpresident sot, datt een am Moment net dovun ausgeet, dass et een Zesummenhang gëtt mat der Münchener Sécherheetskonferenz, déi muer, Freideg, ufänkt. De Mëtteg kommen do schonn déi éischt Gäscht un. Et sinn iwwer 60 Staats- a Regieurngscheffen an iwwer 100 Minister:inne bei der Sécherheetskonferenz dobäi.