250 000 Leit, sou d’Schätzung vun der Münchener Police. D‘Organisateure gi vun 320.000 Leit aus. Sou oder sou: Et ware vill, ganz vill Leit, déi gëschter Mëtteg op der Theresienwiese waren. Op där grousser, zentraler Wiss also, net wäit vum Münchener Zentrum. International ass d‘Theresienwiese virun allem als déi Platz bekannt, wou d’Oktoberfest stattfënnt.
Angscht viru Koalitioun mat rietsem Bord
An de leschte Jore war d’Theresienwiese och ëmmer nees déi Platz, op där d’Münchner:innen sech fir d’Demokratie agesat, a géint Rietsextremismus demonstréiert hunn.
Sou och um Samschdeg. Ënnert dem Motto "Demokratie braucht dich!” hunn zu München eng ganz Rei Organisatiounen zum Protest opgeruff. Zënter der gemeinsamer Ofstëmmung vun Unioun an AfD viru knapp zwou Wochen am Bundestag geet d’Suerg an Däitschland ronderëm, datt déi konservativ Parteien, wann och vläicht net dëst Joer, dann awer vläicht an der noer Zukunft mam rietsextreme Bord kéinte koaléieren.
Éisträicher Journalist: Et fänkt lues a lues un
Op der Demo zu München hunn d’Riedner:innen dowéinst gewarnt. En éisträichesche Journalist huet zum Beispill dovun erzielt, wéi séier eng rietsextrem Partei op eemol virum héchsten Amt am Staat kéint stoen, säi Land hätt et grad erlieft. Et géif lues a lues ufänken. An da wier et op eemol, vun engem Dag op deen anere geschitt.
De Protest an Däitschland, net just zu München, mee och zu Hannover, zu Leipzig an an enger Dosen anerer Stied am Land, riicht sech an éischter Linn géint d’AfD. An de Sondagë steet déi rietsradikal Partei, déi vum Verfassungsschutz als a wäiten Deeler rietsextrem agestuuft gëtt, am Moment op der zweeter Platz. mat ronn 20 Prozent vun de Stëmmen. Et wier dat mat Ofstand stäerkste Resultat fir eng rietsradikal Partei an Däitschland zënter dem Enn vum zweete Weltkrich.
Éischten Tëleesduell tëschent Olaf Scholu a Friedrich Merz
Haut treffen den SPD-Bundeskanzler Olaf Scholz an den Uniouns-Kandidat Friedrich Merz iwwregens an engem éischte vun zwee Tëleesdueller openeen. Dat vun 20:15 Auer un, bei der ARD an ZDF.
D‘FDP sëtzt hirersäits haut zu Potsdam fir en ausseruerdentleche Parteidag beieneen. Do soll de Walslogan vun de Liberale bestëmmt ginn. D‘FDP geet jo mam Christian Lindner an d‘Course ëm de Kanzlerposten.