„Zu Lëtzebuerg ass et esou, dass mer iwwert eng Milliard iwwer Tubak an Zigaretten an alles wat do drunhänkt erakréien. An ech soen Iech ganz éierlech, ech kann als Finanzminister net op déi Sue verzichten.“
Beim Depot vum Staatsbudget de Mëttwoch an der Chamber hat de Gilles Roth just eng Hausse vun den Accisen um Tubak ugekënnegt, ouni ze soen, wéi héich se ausfale géif.
Als Invité vum Dag annoncéiert de Minister een Dag nom Budgetsdepot eng Hausse vu 50 Cent pro Pak Zigaretten. Eng Woch méi spéit corrigéiert hien dee Montant an der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land: Et wieren awer just eppes méi wéi 10 Cent pro Pak. D'Douanesverwaltung hätt sech "an hire Berechnunge geiert".
Sputt fir grouss Steierreform weider onkloer
A senger Budgetsried hat de Finanzminister an der Chamber annoncéiert, datt d’nächst Joer schonn eng Erliichterung an der Steierklass 1A kéim, ouni awer do an den Detail ze goen. De finanzielle Spillraum, dee fir déi grouss Reform zur Verfügung steet, kéint hien aktuell nach och net ofschätzen, sou de Gilles Roth als Invité vum Dag um 100,7.
Sécher wier awer, datt 2026 eng grouss Steierreform soll gemaach ginn, an där d‘Individualiséierung eng méi grouss Roll spille soll. De Gilles Roth gesäit dat och als eng Gesellschaftsreform.
„Ob ee gescheet, gepacst, bestuet oder verwittwet ass, dat däerf net eppes ausmaachen a wat fir enger Steierklass ech sinn.“
Dësen Artikel gouf de 15. Mäerz 2024 aktualiséiert, well de Finanzminister Gilles Roth (CSV) an der Suite vum 100,7-Interview vum 7. Mäerz eng relevant Ausso an der Press revidéiert huet.