Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Intergenerationellt Wunnen: WG mol anescht

WeConnect

Intergenerationellt Wunnen: WG mol anescht

Intergenerationell Wunngemeinschafte sinn zu Lëtzebuerg nach rar. Datt jonk a manner jonk Leit zesummeliewe kann awer immens beräicherend sinn. Dat fënnt jiddefalls d‘Brigitte Rousseau, déi iwwer d‘Plattform WeConnect ee jonke Student aus Griicheland bei sech wunnen huet.

auto_stories

3 min

headphones

22 min

play_arrow
V.l.n.r.: Den Ivo Silva, Brigitte Rousseau an Alexandros M. (Foto: Rick Mertens)

"Mir si gefaangen an ale Strukturen, mir denken al a falen a krank Routinnen", fënnt d‘Brigitte Rousseau. Dofir wier et gutt, mat jonke Leit ze wunnen „fir selwer jonk ze bleiwen.“

Bei hir zu Monnerech am Haus wunnt den Alexandros, deen aus Griicheland op Lëtzebuerg studéiere komm ass. Dat ass net déi éischte Kéier, wou d‘Brigitte Rousseau hir fräi Kummer ugebueden huet. Si hat och scho Leit, déi geflücht si bei sech wunnen, an eng Studentin, déi an engem Bistro geschafft huet an dréngend op Wunnengssich war.

Déi Studentin hat si dann op den Internetsite WeConnect opmierksam gemaach.

Déi Jonk an déi manner Jonk zesummebréngen

D‘Iddi vun deem Site ass op engem Concours an Éisträich entstanen, erkläert den Ivo Silva. Hien hat mat enger Frëndin, der Clémentine Offner, do matgemaach. Et ass drëms gaangen, eng Iddi ze entwéckelen, wéi déi Jonk an déi manner Jonk vunenee léiere kënnen. "Manner Jonk“, betount den Ivo Silva dobäi laachend.

Hir Iddi vum intergenerationelle Wunnen hat Succès a virun engem Joer ass den Internetsite online gaangen. Mëttlerweil si si eng Ekipp vun dräi uganks 20-Järegen: Den Ivo Silva, d‘Clémentine Offner an de Gilles Heinesch. Si këmmere sech benevole ëm dee Projet.

Den "wat ass wann" ass nach net agetraff

Iwwert de Site kënne sech Hôten a jonk Leit, déi studéieren, bewerben.

Souwuel déi Persoun, déi eng Kummer kann ubidden, wéi och d‘Studentin oder de Student ginn eng Kéier genau ënner d‘Lupp geholl.

Bei den Hôtë gëtt och gekuckt, ob d‘Kummer de Mindestkrittäre vun 9 Quadratmeter mat enger Fënster entsprécht. Déi goufe bis lo ëmmer largement erfëllt, betount den Ivo Silva.

Béid Säite musse Formulairen ausfëllen. Do gi Froen adresséiert wéi, wéi eng Sprooche si schwätzen an ob Hausdéieren erlaabt sinn.

Déi, déi eng Kummer sichen, schécke Videobewerbungen. Op Basis vun deene kréien den Ivo Silva a seng Ekipp dann een éischt Gespier. No engem zweeten, perséinleche Gespréich gëtt gekuckt, wéi eng Konstellatioun am beschte passt.

Natierlech gouf et Zweiwel, éier si de Projet lancéiert haten. Den "wat ass wann", wier awer bis elo nach ni agetraff, betount den Ivo Silva erliichtert.

23 Wunngemeinschaften zënter der Grënnung

WeConnect gëtt vun der Uni Lëtzebuerg ënnerstëtzt. Assurancë solle garantéieren, datt kee Konflikt wéinst Geld entsteet. Den Ivo Silva, d‘Clémentine Offner an de Gilles Heinesch maachen och d'Mediatioun, wa se mol gebraucht gëtt. 

Zënter et WeConnect gëtt, konnten esou 23 Wunngemeinschaften zesummebruecht ginn. D‘Demande ass dobäi awer nach vill méi grouss: Eng 500 Student:innen hätte schonn de ganze Bewerbungsprozess gemaach, fir ënnerzekommen.

Den Alexandros ass ee vun deene, fir déi et gutt gaangen ass. Hien ass der Brigitte Rousseau immens dankbar, datt hie bei hir wunne kann. Mat enger manner jonker Persoun ze wunnen ass och fir hien nei – géif et awer elo direkt nach eng Kéier sou maachen.

30 bis 40 Wunngemeinschafte fir d'Rentrée

Bis elo ass WeConnect just fir Leit geduecht, déi studéieren. D‘Demande ass esou schonn immens grouss. Den Ivo Silva wëll net komplett ausschléissen, datt och jonk Leit, déi schaffen, sech iergendwann kënne bewerben. Elo läit de Fokus awer virun allem dorop, méi Hôten ze fannen.

Fir d‘Rentrée am Hierscht ass et d‘Zil, 30 bis 40 Wunngemeinschaften ze hunn. Oder souguer 50, seet den Ivo Silva ganz optimistesch.

Lauschterenplay_arrow