Radioen

On air

Concert  |  Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Interessekonflikt bei Iwwersetzungsapp: Sven Clement schwätzt vu "Paparasseproblem"

Iwwersetzungsapp MALT

Interessekonflikt bei Iwwersetzungsapp: Sven Clement schwätzt vu "Paparasseproblem"

De Familljeminister Max Hahn wëllt d’Affär ronderëm d’Iwwersetzungsapp MALT juristesch iwwerpréiwe loossen. Dat huet hie gëschter no der Budgetskommissioun confirméiert. D‘Piratepartei ass do an en Interessekonflikt involvéiert.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

De Sven Clement vun der Piratepartei. | © Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

2016 hat den ONA en Appel à Projet lancéiert, fir eng App ze entwéckelen, déi et Refugiéë vereinfache soll, arabesch Sätz op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen. D’Piratepartei krut deemools dësen Zouschlag, mee eng Iwwerpréiwung am Optrag vun der IGF huet méi spéit erginn, datt eng Rei staatlech Suen an d’Täsche vu Membere vun der Piratepartei gefloss sinn.

Och dem Sven Clement seng privat Entreprise Clement&Weyer Consulting krut ee groussen Deel. Rieds ass nach ëmmer vu ronn 90.000 Euro, déi den ONA zeréckgefuerdert huet. De Max Hahn wëllt als zoustännege Minister vum ONA an dëser Affär elo fir Transparenz suergen.

Max Hahn: Eng politesch Partei kritt nimools esou een Optrag

Et géif ee préiwen, wat d'Engagement tëschent dem Staat an dem Porteur de projet géif bedeiten, a wéi d‘Äntwert vum Affekot vun der Piratepartei ze bewäerte wier.

"An da wäerte mir als Regierung tranchéieren, wat d’Suitte wäerte sinn. Eent kann ech Iech awer scho soen: et wäert nimools eng politesch Partei esou een Optrag kréien.”

Sam Tanson waart op Dokumenter

Fir d’Sam Tanson vun déi gréng ginn et an dëser Affär nach eng Rei Onkloerheeten. Fir déi aus dem Wee ze schafen, waart si ënner anerem op eng Rei Dokumenter: notamment d’Konventioun mat der Piratepartei, wéi och den Audit, deen am Optrag vun der IGF deemools duerchgeféiert gouf.

“Den Haaptpunkt, deen am Raum steet, dat sinn eng 6.400 Euro fir informatescht Material, dat d’Piratepartei kaaft huet, rieds geet vu Laptoppen an Telefonen.“

Sven Clement: National Gesetzer manner streng, wei europäesch

Dem Piraten-Deputéierte Sven Clement no géif et sech hei ëm ee “Paparasseproblem” handelen.

“Et ass eng Fro vun den Traces d’Audit op europäeschem Plang. Wat d’IGF awer och gesot huet, ass datt ënner nationaler Gesetzgebung dat anescht ass, an datt de Controleur financier och all déi Rechnunge fräiginn huet.“

Déi Problemer hätte sech deemno also eréischt erginn, nom zweete Contrôle deen op Basis vun de méi strengen europäeschen Texter duerchgefouert gouf.

Max Hahn annoncéiert Audit vum ONA

An dëser Affär besteet also nach Klärungsbedarf.

De Minister Max Hahn huet ausserdeem de Lancement vun engem Audit annoncéiert, deen de Fonctionnement vum ONA op de Leescht hëlt.

Lauschterenplay_arrow