search

/ Integratioun vun Net-Lëtzebuerger an der Gemengepolitik - d'Sprooch als Barriär

CEFIS

|
headphones

3 min

Integratioun vun Net-Lëtzebuerger an der Gemengepolitik - d'Sprooch als Barriär

Ënner den 1.121 Conseilleren, déi bei de leschte Gemengewalen am Juni 2023 gewielt goufen, ware ganzer 21 Net-Lëtzebuerger, a kee vun hinne koum aus engem Net-EU-Land, also aus engem sougenannten Drëttstaat. 1.100 vun 1.121 Gemengeréit hei am Land hunn deemno e Lëtzebuerger Pass.

headphones

3 min

Radio 100,7 | © Radio 100,7
cefis.lu (Foto: Radio 100,7)

Dat heescht awer net, datt all déi Gemengeréit Stack-Lëtzebuerger wieren. Et sinn der bestëmmt drënner, déi am Ausland op d’Welt koumen, déi, éier si Lëtzebuerger:inne goufen, eng aner Nationalitéit haten. Oder och déi, déi nieft der Lëtzebuergescher nach ëmmer eng aner Nationalitéit hunn.

Bei de Gewielte kann een dat net beleeën, mee just unhuelen. Bei de Kandidatinnen a Kandidate konnt de Centre d’étude et de formation interculturelles et sociales, also de Cefis, et awer elo, op der Basis vun anonymiséierten Daten, noweisen.

Vill Sputt no uewe fir representativ ze sinn

Dobäi just d'Nationalitéit kucken, géif d'Realitéit reduzéieren, esou d'Jessica Lopes vum Cefis. Wann nämlech eng Persoun bis Lëtzebuerger um Pass wier, da géif si just nach als Lëtzebuerger zielen. 

"Dofir soe mir och scho jorelaang, an dat ass och international oft esou an der Fuerschung, datt een net just d'Nationalitéit soll kucken. Dat weist eis zum Beispill, datt nëmme manner wéi zéng Prozent vun de Kandidaten net Lëtzebuerger sinn, wa mir awer dann och d'Gebuertsland kucken oder eng Kéier zweet Nationalitéit, gesi mir, datt d'Diversitéit bei 28 Prozent läit."

Och wann dat no vill géif kléngen, wier et nach ëmmer vill manner wéi dat, wat an der Lëtzebuerger Gesellschaft wier, esou d'Jessica Lopes. 

"Also Background migratoire zu Lëtzebuerg si mir bei Dräivéierel plus minus, dat heescht do gëtt et nach vill Sputt no uewe fir richteg representativ ze si vun der Gesellschaft." 

Dat wier een Taux vu ronn 50 Prozent bei de Gemengeréit. 

Kompetitivitéit op Käschte vun der Diversitéit?

Aus der Etüd geet iwwerdeems ervir, datt et an de grousse Parteie manner Diversitéit gëtt wéi an de klenge Parteien. 

"Dat ass och vläicht, well et do méi Kompetitioun gëtt, well déi kleng oder Mëttelparteie vläicht éischter Schwieregkeeten hunn, verschidde Lëschten ze fëllen an dann och nei Leit sichen. Dat ass awer just eng Hypothees." 

Simultaniwwersetzung als méiglech Léisung?

Et géifen awer nach vill weider Saache ginn, déi d'Participatioun géife bremsen. 

"Eng vun de grousse Barriären ass natierlech d'Sprooch. Mir si multilingue zu Lëtzebuerg. Politik an zemools lokal Politik ass awer ganz oft nach exklusiv op Lëtzebuerg. An dat schléisst natierlech ganz vill Leit aus."

D’Roll vun der Sprooch wier e grousse Sujet gewiescht, wéi de Cefis de Parteie seng Etüd virun 10 Deeg virgestallt huet, seet d’Jessica Lopes.

"Wéi maache mir et, fir méi inklusiv ze sinn? Mir wëssen awer, datt zu Lëtzebuerg trotzdeem nach vill Leit net Lëtzebuergesch schwätzen, an datt op ville Plazen, wou elo net Lokalpolitik ass, mee op ville Plaze mir scho mat Iwwersetzunge schaffen, simultan Iwwersetzungen oder einfach Weeër fannen, fir matenee kënnen ze kommunizéieren an dat muss vläicht och op lokalen Niveau méi passéieren."

An der Gemeng Lëtzebuerg géif ee beispillsweis scho mat Simultaniwwersetzunge schaffen, esou d'Jessica Lopes. Do géif et jo och scho Gemengeréit ginn, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen. 

"An dat ass wichteg, wa mir déi Populatioun och wëllen integréieren. Dat heescht vläicht an Zukunft, dat ass e bëssen esou bei der Diskussioun erauskomm, mat Kënschtlecher Intelligenz a sou weider, fënnt een do méi einfach Léisungen."

Wann Dir um Detail vun der Etüd interesséiert sidd: Dir fannt se um Site vum Cefis op der Adress cefis.lu.