arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chauffere vu Liwwerplattform: Fuerderung no Reglementéierung a méi héijen Tariffer

Plattformaarbecht

|
reading time

3 min

Chauffere vu Liwwerplattform: Fuerderung no Reglementéierung a méi héijen Tariffer

No der Aktioun vun de Chauffere vun der Liwwerplattform Wolt ee Freideg, wéi si hir Aarbecht niddergeluecht hunn, ass muer eng Entrevue virgesinn tëschent enger Delegatioun vun de Livreuren an de Gewerkschaften OGBL an LCGB.

reading time

3 min

Ee Freideg haten eng 160 Chauffere vun der Liwwerplattform Wolt, déi als Independant schaffen, hire Kont zougemaach, esou datt si net konnte vu Wolt geruff ginn.

Protestaktioun virum Hannergrond vun enger politescher Debatt

Déi Aktioun wier lancéiert ginn, nodeems d’Tarifikatioun vun de Liwwerungen erofgesat gouf, erkläert den David Angel vum OGBL. 

"Déi Aktioune fanne statt virum Hannergrond, datt Wolt eesäiteg decidéiert huet d'Tariffer erofzesetzen. Dat heescht, datt d'Livreure manner Geld verdénge fir hir Prestatiounen, also fir d'Livraisounen, déi si maachen." 

Dat Ganzt hätt awer och virum Hannergrond vun enger politescher Debatt iwwer een nationaalt Gesetz iwwer d'Reegelung vun der Plattformaarbecht stattfonnt, esou den David Angel. 

"Dat heescht, déi Livreuren haten och ganz konkreet zwou Fuerderungen. Dat eent war, datt déi Tariffer missten an d'Luucht goen. Dat heescht, datt si besser a méi Geld fir hir Prestatioune géife kréien. An datt effektiv endlech eng Reegelung, eng Reglementéierung vun der Plattformaarbecht hei zu Lëtzebuerg géif kommen."

Chauffeuren a Gewerkschaft di sech zesummen

An aneren europäesche Länner ginn et änlech Situatiounen. Eng europäesch Direktiv misst bis Enn des Joers an nationaalt Recht ëmgesat ginn, déi de Schaffenden ee Schutz bei der Remuneratioun an den Aarbechtskonditioune garantéiert. Problematesch wier, datt déi Chaufferen den offizielle Statut vum Independant hätten, obwuel d’Plattform hir Tariffer an hir Opträg bestëmmt. 

Problematesch wier och, datt d'Salariéen meeschtens net direkt vu Wolt recrutéiert ginn, mee vun intermediaire Firmen, erkläert den David Angel. 

"Leit, déi Betriber opmaachen, déi dann als Prestataire fir d'Plattform schaffen, selwer dann awer Salariéen engagéieren. A mir wëssen, dass et do ganz vill Schmu gedriwwe gëtt, mat den Aarbechtszäiten, mat de Bezuelungen, dass vill semi-legal oder wierklech och illegal Praktiken do stattfannen."

Leit géifen dacks op Basis vun aacht oder 16 Stonne beschäftegt ginn an a Wierklechkeet awer vill méi schaffen. 

"Een Deel eeben da quasi legal an oppe bezuelt kréien, en aneren Deel schwaarz bezuelt kréien."

Et géife Praktike ginn, déi net akzeptabel wieren, esou nach den David Angel. 

"Livreuren, déi da fir ee vun deene Betriber do schaffen, déi och concernéiert sinn, déi mussen da quasi eng Aart Zweefrontekrich féieren, well se engersäits an engem Beschäftegungsverhältnis sinn, anerersäits awer trotzdeem ofhängeg vun där Plattform sinn."

Muer gëtt et eng Entrevue tëschent dem OGBL an dem LCGB mat enger Delegatioun vun de Chaufferen, preziséiert den David Angel. 

"A kucken dann, wéi et méiglech ka ginn, vläicht déi Fuerderungen do nach aneschters ze artikuléieren a wéi wäit mir dann och elo do als Gewerkschafte kënnen dat Ganzt ënnerstëtzen a koordinéieren a vläicht och dee méi politesche Volet do dann och kënne mat deene Leit zesummen thematiséieren."

Zu Lëtzebuerg gëtt et nach ëmmer keng spezifesch Legislatioun iwwer d’Plattformen. De fréieren LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel hat virun de leschte Chamberwalen ee Gesetzesprojet op den Instanzewee geschéckt. Elo ass et um CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz, deen Text ze finaliséieren.

Schafe Liwwerplattforme prekär Aarbechtskonditiounen? A wéi verännert déi digital Plattformekonomie méi generell d'Aarbechtswelt? Dëse Froe geet de Leonardo Kahn a fënnef Episoden no. “Ausgeliwwert” heescht eis drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Lauschtert déi ganz Serie hei.