Déi juristesch Ausenanersetzung ëm eng Residenz mat véier abordabele Wunnengen um Site vun der aler Schoul op der Schanz geet virun: dat confirméiert den Affekot vun den 106 Schanzer Leit, déi sech géint de Projet wieren, am Lëtzebuerger Wort. D’Tatsaach, datt d’Verwaltungsgeriicht Enn Dezember ee Recours géint d’Baugeneemegung zeréckgewisen hätt, géif dorun näischt änneren.
Een Duerfkär ass et ni ginn
Een Argument vun de Géigner ass jo, datt den Duerfkär géif zerstéiert ginn. D’Schanz hat ni en Duerfkär, äntwert dorop d’Buergermeeschtesch vun der Gemeng Bech Jill Goeres. Am 100,7-Interview huet si annoncéiert, datt vun den Aarbechten, déi elo ufänken, profitéiert soll ginn, fir iwwerhaapt emol en Duerfkär ze schafen.
"Wat mir awer als neie Schäfferot decidéiert hunn, onofhängeg vum soziale Wunnengsbau: Wa scho Chantier do ass, firwat dann net déi Plaz amenagéieren?"
Nei Méiglechkeeten entstinn
Hannert der Schoul ass nach eng Wiss an duerch de soziale Wunnengsbau, deen eigentlech deen anere Wee gedréit gëtt, géing eng Ëffnung entstoen zu där Wiss hannendrun. Do kéint ee sech virstellen, d'Spillplaz ze vergréisseren, oder eppes wei ee Fussballsterrain dobäizemaachen, huet d'Jill Goeres erkläert. Et géing also elo gekuckt ginn, een Duerfkäer ze schafen.
"Dofir gesinn ech dat och als onofhängege Projet, well do gëtt keen Duerfkär erëm nei erfonnt oder sou, mee et kënnt iwwerhaapt mol een dohinner."
Déi 21-Joer jonk Fra war viru sechs Méint onerwaart un d’Spëtzt vun der klenger Gemeng Bech, tëscht Jonglënster an Iechternach, gewielt ginn. Si ass déi jéngst Buergermeeschtesch, déi et jee zu Lëtzebuerg gouf.