Irland misst déi illegal Bäihëllefen zeréck fuerderen. Deen Uerder hat d‘Geriicht vun der EU awer annuléiert. D‘Kommissioun ass doropshi géint dëst Urteel virun den Europäesche Geriichtshaff gezunn.
En Urteel wäert eréischt an e puer Méint virleien. Den Avis vum Generalaffekot ass net bindend, mee meeschtens ginn d‘Riichter där Recommandatioun awer no.