Déi brittesch Regierung wollt mat engem ëmstriddene Gesetz duerchsetzen, dass Asyldemandeuren, egal aus wéi engem Land, déi net kënnen an hir Heemechtslänner zréckgeschéckt ginn, an de Ruanda transferéiert ginn.
D‘Appellsgeriicht hat schonn am Juni tranchéiert, dat de Ruanda kee séchert Drëttland wier. Dat war och d‘Meenung vum Supreme Court. Domadder gouf eng Decisioun vum High Court gekippt, deen den Text als legal ugesinn hat.
Kigali huet déi Geriichtsdecisioun kontestéiert.