Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iesse mat gëftege Champignonen: eng Fra gouf festgeholl

Dräi Leit haten net iwwerlieft

Iesse mat gëftege Champignonen: eng Fra gouf festgeholl

An Australien gouf eng Fra festgeholl an Zesummenhang mam Doud vun dräi Leit, déi gestuerwe ware, well se gëfteg Champignone giess haten. Bei där Verhafteter géif et sech ëm d‘Fra handelen, déi deen Owend op d‘Iessen invitéiert hat, wou déi gëfteg Champignone zerwéiert goufen.

auto_stories

1 min

Invitéiert waren deen Owend d‘Eltere vun hirem Ex-Mann, an d‘Schwëster vun hirer Ex-Schwéiermamm an där hire Mann. Si koumen all an d‘Klinik. Dräi vun hinnen hunn net iwwerlieft. D‘Fra, déi gekacht hat, dementéiert d‘Virwërf, datt si express ee gëftege Champignon an d‘Iesse gemaach hätt.