All Employé huet zanterhier d’Méiglechkeet, zousätzlech zu sengem normale Congé, all Mount een Dag fräi ze huelen, wann et sech vun der Aarbecht hir maache léisst.
De President vun der Raiffeisebank Guy Hoffmann huet am 100,7-Interview vu positiven Erfarunge geschwat, déi am éischte Joer mat deem Modell gemaach gi wären. Hien huet awer och drop higewisen, datt et keen droit acquis ass.
"Et ass e bëssen een Deal, dee mir mat de Leit gemaach hunn, fir ze soen: Ok, wann Dir méi Flexibilitéit wëllt, mir kënnen eis do verschidde Saache virstellen. Mee et muss een awer ëmmer soen, datt d'Aarbecht muss gemaach ginn. D’Leit musse sech bewosst sinn, datt um Enn vum Mount hei hir Paie vun de Client bezuelt ginn, an net vun der Bank."
Och bei der Raiffeisen wäerten d'Zënsen dëse Mount klammen
De Guy Hoffmann huet am Interview och confirméiert, datt seng Bank, déi déi zwou lescht Zënshaussë vun der EZB nach net un hir Clientë weider ginn hat, dat am Laf vun dësem Mount elo awer maache wäert. Am Raum steet eng Adaptatioun vun den Zënsen ëm 0,25 Prozent, souwuel op der Kredit- wéi op der Spuersäit.
"Den Desavantage vläit vum Euro, awer och deen eenzegen, deen ech haut gesinn, dat ass, datt mir engem Zënsdiktat musse suivéieren, wou mir net zu Lëtzebuerg kënne soen: Mir schwammen hei géint de Stroum. Dat ass eng Evolutioun, där mir musse Rechnung droen."
Et hätt ee bei der Raiffeisen nach probéiert, dës "Bastioun", wéi de Guy Hoffmann et genannt huet, nach zwee bis dräi Méint ze halen, mee iergendwann missten d'Zënsen eben adaptéiert ginn. Duerno misst een hoffen, datt sech d'Situatioun nees e bësse calméiert.
Finanzeducatioun zu Lëtzebuerg: Nohuelbedarf
D'Theema Finanzeducatioun war och Sujet am Interview. Zu Lëtzebuerg wéisste vill Leit net besonnesch gutt iwwer Sue Bescheed. Dat hat rezent eng Etüd vun der OECD gewisen. De Guy Hoffmann sot dozou, hie géif et gutt fannen, wann an de Schoulen hei am Land méi finanziellt Wësse géif vermëttelt ginn.
"Ech hunn et heiansdo ëmmer schued fonnt, datt ee Land, wou d'Finanzplaz esou eng wichteg Stellung huet, datt éischtens emol am Curriculum vun de Schoule guer näischt iwwer Finanzen educéiert gëtt, datt se mir et net fäerdegbréngen de Leit ze erklären, wou Suen hierkommen, wou se higinn. Dat huet net nëmme mat Risiko vun Iwwerschëldung am Endeffekt ze dinn, dat huet awer och herno mat Risiko vu Prevoyance ze dinn."
Hei zu Lëtzebuerg géing vill dovunner geschwat ginn, datt Talenter solle fonnt ginn, fir an der Finanzindustrie ze schaffen. Mee d'Leit wéisten net ëmmer Bescheed, wat de Finanzsecteur alles ze bidden huet. Doduerch wier et natierlech da schwéier, Leit ze fannen.