Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Veterinärsverwaltung: Zirkusse mat exoteschen Déiere soll ee mellen

No Virfall zu Réimech

Veterinärsverwaltung: Zirkusse mat exoteschen Déiere soll ee mellen

Den Direkter vun der Veterinärsverwaltung rifft d’Gemengen op, seng Administratioun esou séier ewéi méiglech ze kontaktéieren, wann ee Verdacht besteet, datt een Zirkus mat exoteschen Déiere wëll optrieden. Dat wier hei am Land net erlaabt, esou den Dr. Félix Wildschutz hei op der Antenn.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Zirkussen, déi sech net un d’Reegelen halen, géifen awer éischter opfalen, wann dat direkt gemellt gëtt. Dat kéinten d’Gemenge maachen, mee och einfach Bierger.

“Wann iergendeppes ass, dat eisem Déiereschutzgesetz net entsprécht, da kann een natierlech eng Plainte bei eiser Verwaltung maachen. A mir kréien och eng ganz Partie esou Saachen eragemellt, sief et vu Privatleit oder och vun Déiereschutzorganisatiounen, déi eis da Message ginn, datt eppes net an der Rei ass.”

Zu Réimech war virun zwou Wochen en Zirkus opgefall, dee mat Dromedaren, Kaméilen a Lamae wollt optrieden, obwuel dat verbueden ass. D’Réimecher Gemeng hätt d’Veterinärsverwaltung an dem Fall alertéiert, esou den Dr. Félix Wildschutz.

Vullegripp a Schwéngspescht weider een Theema

Iwwerdeems sinn am Moment keng Fäll vun der Vullegripp oder der afrikanescher Schwéngspescht hei am Land bekannt. De Félix Wildschutz betount awer, déi zwou Krankheete géife weider an Europa zirkuléieren.

“Do ass een natierlech net dovu befreit, datt awer all Moment esou ee Fall kann optrieden. Mir hate jo och schonn deen een oder anere Fall vu Vullegripp, esou wuel bei wëlle Vullen, wéi och bei Hausgefligel D’afrikanesch Schwéngspescht hu mir bis elo net gehat, mee wéi gesot: Vun haut op muer kann natierlech e Fall optrieden.”

Lauschterenplay_arrow