Haut viru 5 Joer war Lëtzebuerg an enger absolutter Ausnamesituatioun: Den 18. Mäerz 2020 ass nämlech den État de crise a Kraaft getrueden. Den deemolege Premier Xavier Bettel hat dat den Owend virdrun op der éischter Online-Pressekonferenz annoncéiert.
“D’Regierung huet haut de Règlement grand-ducal ugeholl an domadder den Artikel 32.4 vun der Verfassung invoquéiert fir den État de crise zu Lëtzebuerg ze deklaréieren."
Wéinst der séierer Verbreedung vum Virus wier et wichteg, datt d’Regierung iwwer d’Ausruffe vun deem État de crise méi séier Decisioune kéint huelen, huet de Xavier Bettel deemools betount. Dat heescht, och ouni Zoustëmmung vum Parlament. Et war den Ufank vun enger laanger Phas vu Restriktiounen, déi fir vill Kritik gesuergt huet. Kritik koum och vun der consultativer Mënscherechtskommissioun, der CCDH. Där hire President war de Gilbert Pregno.
“Mir waren iwwerrannt vun deem, wat gesot ginn ass"
Am 100,7-Interview zielt de Gilbert Pregno, dat hie kuerz nom Ausruffe vum État de crise dem Xavier Bettel een oppene Bréif geschriwwen hätt, wou zwou Saachen drastoungen. Zum enge sollten d’Mënscherechter de Leetfuedem fir d’Moossname sinn, déi geholl gi sinn. Am Bréif huet de Gilbert Pregno och d’Geforen opgezielt: Wat geschitt mat den ale Leit? De Leit ouni Dach iwwer dem Kapp? Wat geschitt mat de Leit, déi an der Aarmut sinn, oder am Prisong sinn?
“Ech hat d’Iddi, datt mir aus där Kris méi solidaresch géingen erauskommen. Dat ass awer net agetrueden.”
Deemools hu sech net masseweis Leit géint dës Mesure gestallt. Dat huet de Gilbert Pregno nëmmen zum Deel iwwerrascht, schliisslech wier een an enger Zort “Schockstarre” gewiescht.
“Mir waren iwwerrannt vun deem, wat gesot ginn ass. Mir konnten d’Situatioun net ganz aschätzen.”
De psychologesche Misär
D’CCDH stellt fest, datt Moossname geholl gi sinn, déi fir déi meescht Bierger:innen aus dem Land “iergendwéi gepasst hunn”, seet de Gilbert Pregno. Mee fir all déi méi vulnerabel Gruppe vu Leit wier dat net esou gewiescht. Zumools d’Situatioun vun ale Leit an den Altersheemer huet hie beréiert. Duerch déi deels ganz streng Reegele war Visitten ugeet, wieren déi Leit quasi agespaart ginn. Zu deem Theema hätt ee vill Temoignage kritt. Al Leit wiere gestuerwen, ouni datt e bei hinne war.
Schonn deemools huet de Gilbert Pregno d’Ausso gemaach: “Et si wuel Leit, déi net wäerten um Virus stierwen, mee se wäerten um psychologesche Misär stierwen, dee si elo erliewen.”
D’CCDH huet bei 29 Gesetzer, déi an där Zäit gestëmmt goufen, een Avis geschriwwen. Do wiere verschidde Leit an der Regierung oder am Parlament net esou frou driwwer gewiescht, seet de fréieren CCDH-President.
“Ech hunn ëmmer een Ouer fir Kriticken. An deemno wéi betruechten ech déi Kriticken och als Luef.”
Keng Evaluatioun vun der Mënscherechtssituatioun
Ob État de crise, oder duerno déi Phas wou dann awer nees iwwer Gesetzer an der Chamber geschwat ginn ass: Dat huet, wat de Fong vun den Decisiounen ubelaangt, kee groussen Ënnerscheed gemaach, seet de Gilbert Pregno.
“Mir konnten am Ufank och net richteg aschätzen, a wie fern deen État de crise berechtegt war. Mir sinn als Wiechter vun de Mënscherechter war mir ëmmer ganz opmierksam. An och Joren duerno ass ni eng Evaluatioun gemaach gi wat d’Mënscherechter ubelaangt.”
D’OECD war zu Lëtzebuerg, fir eng Evaluatioun ze maachen. D’Wuert “Mënscherechter” wier am Rapport awer néierens opgetaucht, kritiséiert de Gilbert Pregno. Hien ass och der Meenung, datt dës ganz Period laangfristeg Spueren hannerlooss huet wat de Respekt oder Net-Respekt vun de Mënscherechter ugeet.
“Ech war iwwerrascht, wéi einfach et war, Fräiheeten auszeaangelen. Besonnesch déi Jonk ware ganz betraff dovunner. Ech mengen ,dass dat ee ganz groussen Impakt hat. Et war een Zeréckgoen an déi eege véier Wänn.”