Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hesper Buergermeeschter äussert sech nach eemol zu ëmstriddenem Facebook-Post

Hesper

Hesper Buergermeeschter äussert sech nach eemol zu ëmstriddenem Facebook-Post

Den ëmstriddene Facebook-Post vum Buergermeeschter Marc Lies vum 3. Mäerz stoung am Mëttelpunkt vun enger Gemengerotssëtzung zu Hesper. Erklärunge koumen, eng richteg Excuse ass awer ausbliwwen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

An dem Facebook-Post hat den CSV-Politiker jo ënner anerem dem fréieren Ausseminister Jean Asselborn seng Politik kritiséiert a vun enger “komplett dereguléierter Gesellschaft vun eise Lénksparteien an enger Press, déi just nach op PR aus ass”, geschwat.

D’Haaptäntwert vum Marc Lies op fënnef Froen, déi d’Oppositioun vun déi gréng, LSAP a Piraten un hien hat am Zesummenhang mat deem Facebook-Post, war dës:

"Ech hu meng Erklärunge jo och gi gehat, datt dee Post falsch war, wat de Wording ugeet, ganz kloer. Dëse Post ass an engem emotionale Moment gemaach ginn, et war net beduecht, wéi ech mech artikuléiert hunn. Déi Form vu Post hätt ech net sollen an och net däerfe maachen."

"Wat hätt ech solle maachen?"

Dee Post hätt och net a Relatioun gestane mat gekäppten Hinger, mee mat engem anere Message. Hien hätt dofir ni Associatioune mat Flüchtlinge gemaach a kee wëlle stigmatiséieren. “Wat hätt ech solle maachen?”, huet de Marc Lies an d’Ronn gefrot a selwer d’Äntwert dorop ginn.

“Ech hätt mech sollen an deem Mooss artikuléieren, datt ech mir Suergen ëm d’Sécherheet an ëm d’Liewensqualitéit an eise Stied a Gemenge maachen, an datt ech der Meenung sinn, datt an deene vergaangene Joren um legislative Plang dofir net genuch gemaach ginn ass fir deem och Rechnung ze droen.”

Hien hätt aus dëser Saach senge Léiere gezunn. Social Media wier fir hie lo keen Theema méi.

D’Rita Velazquez vun der LSAP huet erkläert, datt si dee Post esou interpretéiert hätt wéi anerer. De Buergermeeschter hätt domat säi reellt Gesiicht gewisen.

D'Gefor vu pauschalen Aussoen

De Stephen de Ron vun déi gréng sot sech berouegt duerch d’Explikatiounen.

"Woubäi déi Persoun, wou s du drop geäntwert hues op de Post, ech mengen, dat ass nach méi schlëmm wéi dat, wat uewen do geschriwwe ginn ass, well hie klaakt einfach literally all Auslänner, deen net Lëtzebuerger ass, an d’Pan."

Fir de Mathis Godefroid vun de Pirate géif et net drëms goen, fir de Buergermeeschter un d’Kräiz ze neelen

“Wat mir ebe wichteg war, dat ass, datt esou pauschal Aussoen, sou wéi se och kënne gewäert ginn duerno, ganz geféierlech kënne sinn.”

D’Päerd wiere mat him duerchgaangen, huet de Marc Lies um Schluss gemengt. Dat wier net gutt gewiescht, an hien hätt sech iwwerhaapt net sollen artikuléieren. Dee Post wier net dat Glorräichst gewiescht, wat hie jeemools vu sech ginn hätt an definitiv e Feeler.

Lauschterenplay_arrow