Radioen

On air

9 bis 1  |  Stephen Ellen Starar - Happiness (Dance Floor Edit) - The 1975

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëllef fir de Libanon: Lëtzebuerg bedeelegt sech mat 4 Milliounen Euro

UNO-Konferenz

Hëllef fir de Libanon: Lëtzebuerg bedeelegt sech mat 4 Milliounen Euro

Wéinst dem Krich am Libanon hat d’UNO opgeruff d’Land finanziell ze ënnerstëtzen. Haut um Donneschdeg koumen zu Paräis eng 70 Staatsvertrieder fir eng Hëllefskonferenz zesummen, dorënner och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / ROPI | Kovarik /EUC play_arrow
Foto: picture alliance / ROPI | Kovarik /EUC

Max Tholl (Paräis)

Iwwer 800 Milliounen Euro un humanitärer Hëllef an zousätzlech eng 185 Milliounen Euro u Support fir déi libanesesch Sécherheetskräfte koumen insgesamt zesummen. Dat huet de franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot no der Konferenz annoncéiert.

Frankräich bedeelegt sech mat 100 Milliounen, Lëtzebuerg mat 4 Millioune fir d’Organisatioune vun der UNO, déi sur place hëllefen.

Den Ausseminister Xavier Bettel huet d’Lëtzebuerger Solidaritéit mam libanesesche Vollek ënnerstrach an eng diplomatesch Léisung fir de Konflikt gefuerdert. Och de franséische President Emmanuel Macron sot, de Krich misst esou séier wéi méiglech op een Enn bruecht ginn.

Konferenz ouni Biden oder Blinken

Niewent der humanitärer Hëllef wier et wichteg och de Sécherheetskräften am Land, virun allem der libanesescher Arméi, ze hëllefen, sot de Jean-Noël Barrot. 

Och den aktuelle Premier vum Libanon, den Najib Mikati, huet un der Konferenz deelgeholl a sot, déi israeelesch Attacke géingen d’Existenz vum Land bedreeën. D’Efforte fir e Waffestëllstand hänken awer maassgeeblech vun den USA of, déi hir eegen Initiativ ze favoriséiere schéngen. Weder de President Biden nach den Ausseminister Antony Blinken hunn un der Konferenz deelgeholl.

Lauschterenplay_arrow