Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ Hasilux.lu: Eng zentral Ulafstell zum Theema Autismus a schoulesch Inklusioun

Nei Online-Plattform

Hasilux.lu: Eng zentral Ulafstell zum Theema Autismus a schoulesch Inklusioun

Et gëtt elo eng zentral Ulafstell iwwer d‘Theema Autismus a schoulesch Inklusioun: D‘Online-Plattform "Hasilux.lu“. Dat mellt d‘ASBL "Crunch Box“, déi d‘Plattform an d‘Liewe geruff huet.

auto_stories

1 min

Op Hasilux fënnt een ënnert anerem Artikel iwwer Autismus a Bildung, Rotschléi vu Fachpersonal an een Index vun Ulafstellen.

De Contenu ass op Däitsch, Franséisch an Englesch disponibel. Domat wéilt een alle Bedeelegten den Zougang zu wichtegen Informatioune vereinfachen, heescht et am Schreiwes.