Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - A Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handelsgeriicht zu Essen mécht Insolvenzverfahren géint Galeria Karstadt Kaufhof op

Däitschland

Handelsgeriicht zu Essen mécht Insolvenzverfahren géint Galeria Karstadt Kaufhof op

De Konzern Galeria Karstadt Kaufhof ass elo offiziell insolvent. D’Handelsgeriicht vun Essen huet gëschter een Insolvenzverfahren an d’Weeër geleet. Domadder kënnen d’Creancieren, déi nach Suen ze kréien hunn, hiren Dossier areechen.

auto_stories

1 min

© Ralf Lotys / Wikimedia Commons
Foto: Ralf Lotys / Wikimedia Commons

Entretemps géifen d’Gespréicher mat engem eventuelle Repreneur lafen. Véier Konzerner hate sech ugebueden, an dovunner wieren zwee Dossieren nach an der Diskussioun.

De Liquidateur huet annoncéiert, datt iwwer 60 Geschäfter nach géife bestoe bleiwen. Dat ass just een Drëttel vun de Geschäfter, déi et aktuell nach gëtt. 12.800 Salariéë riskéieren hir Plaz ze verléieren.