Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif um Eurosonic 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hamas ernennt Yahya Sinwar zum neie Chef

Nodeems den Ismail Hanjieh ëmbruecht gouf

Hamas ernennt Yahya Sinwar zum neie Chef

D'Hamas huet de Yahya Sinwar zum neie Chef vun hirem politesche Büro ernannt. De Sinwar war zanter 2017 der Hamas hire Chef an der Gazasträif. Als neie Leader vu politeschen Aarm vum radikal islamistesche palästinensesche Grupp ersetzt hien den Ismail Hanijeh, deen d'lescht Woch zu Teheran ëmbruecht gouf.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Mohammed Talatene
Foto: picture alliance/dpa | Mohammed Talatene

Israel huet dermat gedreet, och deen neien Hamas Chef ëmzebréngen. Den israeeleschen Ausseminister Israel Katz huet op X geschriwwen: De Sinwar wier en Äerz-Terrorist, a seng Nominatioun als neien Hamas Chef wier en zwéngende Grond, hie séier ze eliminéieren. 

Israel behaapt, de Sinwar wier den Haaptresponsabele fir d'Hamas-Attack op Israel de 7. Oktober zejoert, bei där iwwer 1.200 Leit ëmbruecht, an 251 Leit als Geisele geholl goufen.